Sub Aqua Club Wiltz asbl

Photoen an d'Gallerie lueden Print E-mail
  
Monday, 24 December 2007 10:00

Hei ass eng kleng Hellef wéi een Photoen an d'Gallerie lueden kann.

Als eischt muss een sech am System aloggen. Domater wees d'Gallerie dann ween en Album eroplued.Dann muss een d'Säit vun der Gallerie opmaachen. Dofir einfach ee mol am Haapt Menü op "Photoen" klicken.

Lenks kennt eng Leischt mat villen Méiglechkeeten. Vun do aus kennt der mat "Album hinzufügen" är eegen Alben kréeieren. Fir d'eischt musst der een eendéitegen Numm aginn. Als Viirschlag bastelt der do och ären Usernumm mat dran, dann kann et keng Konfusioun ginn. Déi aaner Astellungen verstinn sech quasi vum selwen. Falls et awer nach Froen get, einfach beim Jérôme mellen.

Soubaal der den Album ugeluecht hut, kennt der am neien Album mat "jetzt Photos hinzufügen" nei Elementer eroplueden. Lued se w.e.g. net mat enger Opleisung vun mei wei 800x600 erop, well se soss ze vill Plaatz brauchen, an dei aaner Useren net méi esou vill dropsetzten kennen. Der kennt dann nach Nimm, a Beschreiwungen fir all Bild eenzel upassen.

Vill Spass mat eroplueden vun Biller!

PS: Der hut natiirlech nach emmer d'Méiglechkeet d'Biller per EMail un den Jérôme ze schecken, dann setzt deen se drop... Wink

Last Updated ( Sunday, 21 June 2009 17:08 )
 

Zoufallsbild

Dsc05166

Dsc05166

Owner: Alain Margrève

Login Form

Memberen kennen héi hiren Username an hirt Passwuert aginn fir déi Intern Säiten vum SACW zu gesinn.