Flossentraining / Gerätetraining

Mir bidden am Club Training iwwert daat ganzt Joer un. Den Detail vun allen Aktivitéiten an d’Umellung leeft iwwert eisen internen Verainskalenner.

Am Wanter ass an der Schwämm vum Lycée du Nord  an an der Schwämm ze Kietscht Ausdauertraining an Techniktraining fir jidder interesseirten Clubsmember. Bei eisem Flossentraining kann jiddereen matmaachen, dofir muss een keen Tauchschain hun.

Firwaat Flossentraining an der Schwämm?

  • Konditioun / Ausdauer opbauen
  • Apnée
  • Teambuilding durch Wasserball, UWR, UWH, Challengen
  • Traineiren vun Reflexer / Aisance am Waasser
  • Secherheetsübungen (Rettungsschwammen)
  • Loftverbrauch reduzeiren durch besser Konditioun

Eis geet et nek em Leeschtungssport, mee einfach em sportlich aktiv sinn. Matmaachen kann jiddereen vun 10 Joer un, an no uewen ass keng Grenz gesaat.

Firwaat Gerätetraining an der Schwämm?

  • Ausbildung
  • Refresh Cours (no längerer Paus >10 Méint)
  • regelméisser Secherheetsübungen widerhuelen (Maske ausblosen, Assistance, Sauvetage)
  • neit Equipment testen
  • Konfiguration verfeineren
  • Flottabiliteit / Tareiren
  • Flossentechniken (Flutterkick, Frogkick, Backkick, modified Flutter, mod. Frogkick, Helicopterturn)
  • Thementraining (Photo/Video, Tek, …)

Trainingszaiten

Mir trainéiren zweemol an der Woch an der Schwämm:

Dasdes vun 19.30 bis 21.00 AuerSchwämm ze Koetschette
Donnesdegs vun 19.30 bis 21.00 AuerSchwämm vum Lycée du Nord zu Wooltz

RDV ass all Kéiers 19.15 Auer.

Während den Schoulvakanzen ass keen Training an der Schwämm. Eisen Schwämmstraining geet vun Oktober bis Abrëll/Mee. Dei aner Zeit fënnt een eis mindestens 2 Mol d’Woch um Stauséi.

Schwämm Woltz

Piscine Lycée du Nord Wiltz

Schwämm Kietscht

Impressiounen vun eisen Trainingen

Kannertauchen

Niewend dem Training fir dei Erwuessen, bidden mir och op verschiddenen Daten Kannertauchen un. Mei Infos an eiser Sektioun Kannertauchen.