Tauchtraining & Aktiviteiten
Mir bidden am Club Training iwwert daat ganzt Joer un. Iwwert den Wanter ass an der Schwämm vum Lycée du Nord Ausdauertraining an Techniktraining fir jidder interesseirten Clubsmember. Mir machen awer iwwert den Wanter bis an Freijoer och Ausbildung fir verschidden Tauchbrevet’en. Den Summer iwwer sin mir dann regelmeisseg am Stausei vun Esch-Sauer aktiv resp. op verschiddenen Tauchplatzen an der Groussregioun. Bei eis am Verein ass jiddfereen wellkomm egal op en Tauchen léiren well oder schon ee Brevet huet.
Schwämmstraining
Mir trainéiren zweemol an der Woch
Dasdes vun 19.30 bis 21.00 Auer an der Schwämm ze Koetschette
&
Donnesdegs vun 19.30 bis 21.00 Auer an der Schwämm vum Lycée du Nord zu Wooltz.
Wei een Training den jeeweiligen Dag gehaal get fannt dir an eisem Kalenner.
Wärend den Schoulvakanzen ass keen Training an der Schwämm.
Eisen Schwämmstraining geet vun Oktober bis Abrëll. Dei aner Zeit fënnt een eis mindestens 2 Mol d’Woch um Stauséi!
Fosse Piscine Olympique Kirchberg (Coque)
Eis Fédération FLASSA stellt eis puer mol am Joer d’Fosse (-15m déif) an der Piscine Olympique um Kirchberg zur Verfügung.
Datumer fannt dir op www.flassa.lu an eisem Kalenner an all Clubsmemberen gin iwwer Mail informeiert.
Plazen sin begrenzt an emmer vum Encadrement ofhängig.
Tauchen an der Groussrégioun
Stauséi (Lac de la Haute Sûre)
Mir sinn regelméisseg am Stauséi fir hei Formatioun fir BRevet ze maachen, mee och fir einfach an enger kollegialer Manéier matneen ze tauchen.
Mei Infos zu eisen Tauchplatzen fannt dir op eiser Sait iwwert eis Tauchplatzen
Belge (Carrièren)
Carrière de la Gombe (www.clas.be)
Carrière de la Ronce (Cierreux)
Holland
Panheel
Zeeland
Indoor Diving
Niewend der Fosse gin mir iwwert den Wanter awer och fir eis Ausbildungen, resp. och mol einfach aus Spaass an dei verschidden Indoor Tauchzentren an der Groussregioun:
Tauchvakanzen
Mir organiseiren natiirlech och regelmeisseg Tauchvakanzen. Hei eng kleng Selektioun aus den läschten Joeren:
2019 Red Sea Safari – MY Blue Nord Tour
2016 Azoren
2014 Gozo
2012 Red Sea Safari – North Tour & Brother Islands (MY Scuba Scene)
2010 Red Sea Safari – MY SEVEN7SEAS – Brother Islands & Deep South
2008 Red Sea Safari – MY SEVEN7SEAS – Broter Islands – Daedalus Reef – Elphinstone
aner Aktivitéiten
24H Laf Wooltz (www.24hours.lu)
Nikloos & Krëschtmaart Wooltz (www.wiltz.lu)
Festival Wiltz (www.festivalwiltz.lu)
Basketball Juxtournoi
Beachdeys Kiischpelt
Waat mir weini maachen fenns du an eisem Kalenner