Tauchbrevet Flassa / Cmas 

 

Bei eis am Club kennt dir den Ëmgang mam Tauchequipment leieren. Dëst erlaabt Iech herno weltwäit déi wonnerbar Ennerwasserwelt ze entdecken. Eng gutt Ausbildung erlaabt Iech dono an den Vakanzen weltweit mat tauchen ze goen. Weem kaalt Waasser näischt ausmecht, kann awer och bei eis an der Géigend d’ganzt Joer iwwert flott Tauchgäng maachen.

Wann dir wellt ufänken mat Tauchen sidd dir bei eis am Club genee richteg. Mir hunn staatlech brevetéiert Moniteuren an och erfahren Taucher déi Iech gären Tauchen bäibréngen an Iech bei den éischten Schrëtt begleeden.

 

Schnuppertauchen

 

Ier et mat der Ausbildung zum eischten Tauchbrevet lass geet bidden mir Iech un een Schnuppertauchgang ze maachen. Den Schnuppertauchgang ass gratis.

Mir informeiren regelmeisseg op eiser Homepage wann mir Schnuppertauchen organiseiren. Dir kennt eis awer och gären eng indivuiduell Ufro schecken an dono kritt dir vun engem vun eisen Tauchmoniteuren een RDV fir Schnuppertauchen.

 

12974362_1068781089831461_5611265123132934793_n.jpg   18700428_1435791939797039_3937377454298745319_o.jpg   12977096_1068782116498025_256767554100487208_o.jpg   11232088_10208049870309838_9201961809059467958_o.jpg

 

Wann dir bis decideiert sidd een Tauchschain ze maachen, dann bidden mir Iech am Club alleguer Brevet vum Sporttauchen un, vum Ufänger bis zum erfahrenen Taucher:

 

 

 

FLASSA P1 / CMAS *

Den Brevet P1 / CMAS * erlaabt iech herno an Begleedung vun experimentéierten Taucher bis zu 20 Meter déif ze tauchen.

Preis: 150 Euro

Am Präis ass Ausléinen vun der Tauchfläsch, Weste, Détendeur, Neoprenkostüm (wann mir är Greisst hunn) Dokumentatioun an een Logbuch abegraff.

Bedingungen: 14 Joer al sinn an een gültegt Attest vum Dokter hun

Oflaf vum Cours:

Theorie 3 Owender (Material, Sécherheetsreegelen, Planung vun Tauchgäng…)
Schwämmstraining (all Übungen ginn lues an lues an der Schwämm geleiert)
Mind. 5 Tauchgäng am Stauséi (hei ginn d’Übungen déi mir den Wanter iwwer an der Schwämm geleiert hunn ugewannt)

Den detailléierten Oflaf fannt dir am Reglement Technique.

Wann dir Froen huet dann macht eis een Mail, mir äntweren gären op all Ufro.

Eis nächst Formatioun wärt am Januar 2019 ugoen.

 

 

 

FLASSA P2 / CMAS **

Wann dir schon taucht an elo wëllt eegestänneg Tauchgäng duerchfeieren, bis zu enger Maximaldeift vun 40m, ass den Flassa P2/CMAS** Brevet genee richteg fir iech. Bei dësem Brevet leiert dir Kenntnisser an der Tauchgangsplanung, Secherheetsübungen, Theorie an Ëmgang mat Tauchtafeln.

Preis: 200 Euro

Am Präis ass Ausléinen vun der Tauchfläsch, Weste, Détendeur, Dokumentatioun an eng Tauchtafel MN90 abegraff.

Bedingungen:     15 Joer al sinn an een gültegt Attest vum Dokter

Een CMAS * Brevet (oder een äquivalenten Brevet) hunn an mindestens 20 Tauchgäng absolvéiert hunn

Oflaf vum Cours:

Theorie 4 Owender (Material, Sécherheetsreegelen, Planung vun Tauchgäng, Physik…)

Schwämmstraining (all Übungen ginn lues an lues an der Schwämm resp. Fosse geleiert)

Tauchgäng am Stauséi (hei ginn d’Übungen déi mir den Wanter iwwer an der Schwämm/Fosse geleiert hunn ugewannt)

Den detailléierten Oflaf fannt dir am Reglement Technique.

 

 

 

 

FLASSA P3 / CMAS *** 

Wann dir well mei lang taucht an mei Verantwortung wellt iwwerhuelen an deems dir Tauchgruppen leeden wellt, ass desen Brevet genee deen richtegen.

Theorie an Praxis ginn am Prinzip vun eiser Tauchfédération organiséiert. Wann dir un dësem Brevet interesséiert sidd, dann mellt Iech bei engem vun eisen Moniteuren vum Club, dann informéieren mir Iech iwwert déi nächst Sessioun.

Den Präis entsprécht den tatsächlechen Frais’en déi ufaalen. Fir den Brevet froen mir naischt, well dei zukünfteg P3 Taucher dem Club aktiv bei der Ausbildung hellefen kennen / sollen.

 

 

 

Nitrox Brevet (N1)

Wann dir schonn een Tauchbrevet huet an vill taucht an Dekompressionspausen reduzéieren wëllt oder einfach méi Sécherheet am Tauchen sicht, ass den Nitrox Brevet interessant.

Präis: 80 Euro

(2 Owenter Theorie an Tauchgäng wou dir den praktische Emgang mam Material kennen leiert)

Am Präis ass Dokumentatioun an Nitroxfläschenfellung abegraff.

 

 

 

Nitrox Brevet (N2)

Wann dir schonn een Tauchbrevet (mind. P2) an Nitroxbrevet huet an vill taucht an Dekompressionspausen reduzéieren wëllt an mat Sauerstoffgemescher teschent 22-100% Tauchen wellt, dann leiert dir bei desem Brevet op waat et ukennt!

Präis: 100 Euro

(2 Owenter Theorie an Tauchgäng wou dir den praktischen Emgang mam Material kennen leiert)

Am Präis ass Dokumentatioun an Nitroxfläschenfellung (resp. Sauerstoff) abegraff.

 

 

 

DSCN6221 (2).jpg

      

 

Mir bidden och regelmeisseg weider Formatiounen un, dei fir Clubsmemberen naischt kaschten:

z.B. Refresh Cours wann ee länger nek tauchen war, Emgang mam Drechenkostüm, Stage-handling, Dekompressionstauchgäng, Revision vun Tauchfläschen, etc…