Cave Diving Section – Sub Aqua Club Wiltz
Firwat Höhlentauchen?
Höhlentauchen ëmfaasst eigentlech mei Themenberäicher déi een alleguer ënnert dem Begrëff „Overhead“ Tauchen kann regroupéieren an ëmfaasst:
- Cavern Tauchen
- Cave Diving
- Fullcave (komplex Navigatioun an Höhlen)
- Wracktauchen
- Minentauchen
- Enner Äis tauchen
Also all Tauchgäng ouni direkten Opstieg zur Uewerfläch.
Firwat eng Höhlensektioun am Club?
Vill Höhlentaucher fannen sech no der Ausbildung eleng zréck, och well et hei am Land keng Méiglechkeeten gëtt dem Sport nozegoen. An de Veräiner ass d’Höhlentauchen an technësch Tauchen mat villen Bereirungsängscht verbonnen. Fakt ass Höhlentauchen braucht adequat Planung, eng gudd Ausbildung, regelméissegen Training an Taucher dei wessen wat se man.
Waat ass den Zweck vun der Höhlensektion am Club?
- Planung an Ausféirung vun Höhlen / Minentauchgäng an der Groussregioun
- Training an Opfreschung vun Skills
- Kontakt zu Moniteuren dei Höhlentauchen och ausbilden kennen
- einfachen Austausch iwwert Techniken, Navigation an Secherheet beim Overheadtauchen
- langfristeg Formatioun an deem Beraich
- Klammformatiounen / zesummen mat eisen aneren Sektiounen och emol aner sportlech Aktivitéiten
Mir schaffen zesumme mat renomméierte Moniteuren a kennen Iech och Kontakter fir eng adequat Basisausbildung weidervermëttelen!
- Cavern, Cave et Fullcave Training
- DPV Cave et Multistage Cave
- Technical Wreck et CCR Wreck,
- Trimix normoxic et hpyoxique, expedition Trimix,
- Sidemount
Mir schaffen zesummen mat Neotec_lu, hei fannt dir den Link fir poar Impressiounen vum Training fir Höhlen an Wracktauchen ze kreien.
Wou kann een Höhlentauchen?
Daat ass den Grond fir eng eegen Sektioun wou mir eis austauschen kennen. Dei Informatiounen hun bewosst naischt bei Taucher ze sichen dei keng adequat Ausbildung hunn!!!
Mir kennen Iech awer Fotoen weisen vun Tauchgäng wou mir well gemeet hunn:
Wéini gett traineiert?
Traineiren kann een innerhalb vun eiser technischer Equipe op folgenden spezifischen Tek Trainingen. Hei fannt dir awer och poar spezifisch Sortien just fir den Tek.
11 – 13 Oktober: Weekend Tek + Mine/Cave- 19.10 Plongée Tek (Stauséi) + Cave Training / Review
- 26.10 Plongée Tek (Stauséi)
- 12.11 Plongée Tek (Stauséi)
- 23.11 Plongée Tek (Stauséi) + Cave Training / Review
- 03.12 Plongée Tek (Stauséi)
- 07.12 Plongée Tek (Stauséi) + Cave Training / Review
- 04.01.25: Plongée Tek (Stauséi) + Cave Training / Review
- 21.01.25: Plongée Tek (Stauséi)
- 01.02.25: Technical Saturday / Mine/Cave Activity (only cave divers)
- 01.03.25: Tekkie Sortie: Plongée Profonde + DPV Cours: Hunsfels
- 05.03.25: Tekkie Sortie: / Mine/Cave Activity (only cave divers)
- 03.05.25: Plongée Tek Stau / Generalversammlung???
- 03.06.25: Plongée Tek (Stauséi)
- 07.06.25: Plongée Tek (Stauséi) + Cave Training / Review
- 05.07.25: Plongée Tek (Stauséi) + Cave Training / Review
- September 2025: Technical Team goes Heavy Metal (Scapa Flow)
- & more to come
Ween kann matmaachen?
Fir matzemachen, musst dir een Brevet vun enger renommeiert Tauchfédératioun hunn wei TDI, IANTD oder GUE. Mellt Iech hei drenner un a gidd Member vum Club. Mir kontaktéiren Iech fir gemeinsam Tauchgäng, an den Grupp décideiert dono op dir als Member opgeholl gitt.
Dir braucht just hei den Kontaktformulaire auszefëllen:
Visit Neotec_lu for cave training
Feedback zu eisen Formatiounen
Op desen Plazen kennt dir eis Feedback zu den Formatiounen ginn, resp. Iech ukucken wei den Feedback vun den Kandidaten virdrun war.
Frequently asked questions (FAQ)
Besicht eis FAQ Sait wann dir Froen zum Verain stellen wellt, wei z.B. Wei gin ech Member? oder Weini sin Trainingen? asw.