Cotisatioun

 

Cotisatioun déi all Joer ze bezuelen ass fir Clubmemberen folgend:

 

Taucher 60€

2ten Taucher (aus dem selwechten Stot) 40 €

Flossenschwëmmer 30 €

Éirenmember 30 €

 

Kontosnummer ass IBAN LU37 1111 0407 1067 0000 

(BIC : CCPLLULL)

 

D’Cotisatioun ass all Joer bis spéitstens den 31.12 fir déi lafend Saison (Sept.- August) ze bezuelen.

 

Aschreiwungen fir Brevet’en

D’Präisser vun den Brevet’en fannt dir an eiser Rubrik “Ausbildung”.

Den Präis vum Brevet ass am Ufank vun der Ausbildung zesummen mat der Cotisatioun ze iwwerweisen.

 

Am Präis vun der Cotisatioun ass Folgendes abegraff:

  • Entrée vun der Schwämm an Schwämmstrainingen
  • Participatioun bei den verschiddenen Aktivitéiten (ausser zousätzlech Käschten)
  • Entrée fir Training an der Fosse vun der Piscine Olympique um Kierchbierg
  • Benotzen vum Vestiaire ze Lëltz (ferme Wealer)
  • Lizenz Flassa (an domat och verschidden Assurancen…)
  • Fläschenfellen um Clubskompressor
  • Nitroxfëllungen
  • Ausleinen vun Matériel (prioriteit hunn dei Leit dei een Brevet maachen)
  • an villes méi

 

Tauchgäng am Ausland, z.b. an den verschiddenen Indoor Divezentren, an an villen Carrièren mussen jeeweils separat bezuelt ginn. Dëst gëtt ëmmer am Viraus ugekënnegt.

 

D’Netbezuelen vun der Cotisatioun kann Auschléissen vum Member bedeiten an Participatioun un Aktivitéiten kann refuséiert ginn.

Laut den Stauten verléiert den Member vum Comité duerch Nekbezuelen seng Funktioun. (Art 9 Statuts SACW.asbl)