Mir bidden elo fir eis Veräinsmemberen och Formatiounen am Beräich Secourismus un. Des Formatiounen vun DAN goufen vun Medezinner an Pedagogen entwéckelt, an sinn spezifesch op Besoin vun den Taucher resp. Waassersportler opgebaut. DAN bitt awer och komplett 1 Hëllef – Formatiounen fir ee mei breeden Publikum un. All d’Coursen vun DAN sinn weltwäit unerkannt an verschidden Tauchfédératiounen froen des oder vergläichbar Coursen fir den Pro-Level (Divemaster oder Tauchmoniteur), also fir Encadrement ze maachen. (zB. PADI, SSI, LIFRAS, VDST, IANTD, ADIP, SDI/TDI). Et ass och méiglech reegelméisseg ouni groussen Opwand een Update/Refresh ze maachen.

BASIC LIFE SUPPORT

Dauer vum Cours: 2 Owender oder 1 Dag

Theorie: 2-3h / Praxis: 3-4h

Viraussetzungen: keng

Des Formatioun riicht sech un Ufänger (Taucher & Nek Taucher) déi nach keng Erfarung an der 1 Hëllef hunn, awer déi elementar 1 Hëllef Gesten wëllen léieren fir enger Persoun déi an Liewensgefor ass ze hëllefen bis Rettungskräften antreffen. Zum Ëmfang vum Cours zielen: Rettungsketten, Noutruff, Eegensecherung, Kontroll vun Bewosstsinn, Ootmung an Bols, stabil Saitenlag, Reanimatioun, Schockbehandlung, Stellung vun groussen Bluddungen.

AED – Automated External Defibrillation

Dauer vum Cours: 1 Owend

Theorie: 1h / Praxis: 2-3h

Viraussetzung: BLS – Basic Life Support

Des Formatioun riicht sech un Ersthelfer déi bei enger Persoun mat Häerzproblemer wëllen een Defi asetzen. Zum Ëmfang vum Cours zielen: Unzeechen vum Häerzinfarkt erkennen, eng Reanimatioun kombinéiert mat engem AED duerchféieren.

Oxygen First Aid Provider for Scuba Injuries

Dauer vum Cours: 1 Owend

Theorie: 1h / Praxis: 2-3h

Viraussetzung: Tauchbrevet + BLS – Basic Life Support

Des Formatioun riicht sech un Taucher déi leieren wëllen den Sauerstoff bei Tauchaccidenter anzesetzen. Zum Ëmfang vum Cours zielen: Erkennen vun Symptomer vun engem Dekompressionsaccident, Longenbarotrauma, Erdrénken. Zum Asaz kommen Sauerstoffmasken mat On-Demand Ventil, an Reanimatioun mat Sauerstoff.

Advanced Oxygen First Aid Provide for Scuba Injuries

Dauer vum Cours: 1 Owend

Theorie: 1h / Praxis: 2-3h

Viraussetzung: Oxygen Provider First Aid for Scuba Injuries

Des Formatioun riicht sech un Taucher déi well den Basiscours gemaach hunn, an elo léieren wëllen een Iwwerdrockventil (MTV) & Ambu mat Sauerstoffreservoir ze notzen.

Hazardous Marine Life Injuries

Dauer vum Cours: 1-2 Owender

Theorie: 1h / Praxis: 3h

Viraussetzung: //

Des Formatioun riicht sech un Taucher / Waassersportler déi spezifesch 1 Hëllef bei Verletzungen durch Mieresliewewesen / Korallen / asw léieren wëllen. Zum Ëmfang vum Cours zielen: Vergëftungen, Bësswonnen, Hautreizungen/Verbrennungen, allergesch Reaktiounen, Schockbehandlung, Wondversuergung, Noutfallpläng.

On-Site Neurological Assessment

Dauer vum Cours: 1 Owend

Theorie: 1-2h / Praxis: 1h

Viraussetzung: Oxygen First Aid Provider

Des Formatioun riicht sech un Taucher déi méi een genauen Check vun engem Patient maachen wëllen. (ideal fir Moniteuren an Divemaster). Zum Ëmfang vum Cours zielen: Tauchgangsprofil ermëttelen, Zeechen vun engem Dekoaccident direkt erkennen, den Verlaf vun dësen Zeechen dokumentéieren, een neurologeschen Bilan maachen fir direkt een Tauchdokter ze informéieren. (zB: DAN Hotline)

Oygen First Aid for Aquatic Emergencies

Dauer vum Cours: 1-2 Owender

Theorie: 1-2h / Praxis: 3-4h

Viraussetzung: ///

Des Formatioun riicht sech un all Waassersportler oder Leit déi mat enger Persoun déi am Erdrénken ass kéinten confrontéiert ginn. Zum Ëmfang vum Cours zielen: Eegesécherheet, Wichtegkeet vun der schneller Beootmung, Sauerstoffadministratioun, Reanimatioun. Den Cours kann combinéiert ginn mat enger AED Formatioun.

First Aid

Dauer vum Cours: 1 Dag oder 2-3 Owender

Theorie: 3-4 / Praxis: 3-4h

Viraussetzung: BLS – Basic Life Support

Des Formatioun riicht sech un all Ersthelfer déi well een BLS – Basis Cours gemaach hunn, an mäi déif an Matière antauchen wëllen. Des Formatioun erweidert den BLS Cours an déi 2 Coursen zesummen stellen ee kompletten 1 Hëllef Cours duer. Zum Ëmfang vum Cours zielen: Verbänn uleeë, Verhalen bei Verletzungen vun Wirbelsail, Hals oder Kapp, stabiliséieren vun Bréch, Sonnestach, Hëtzschlag, Ënnerkillung, Verbrennungen, Bewosstlosegkeet, Vergëftungen asw…

Paedritatic Care

Dauer vum Cours: 1 Owend

Theorie: 1-2 / Praxis: 1-2h

Viraussetzung: BLS – Basic Life Support (Adult)

Fir den BLS an AED kann een mat engem speziellen Module fir Paedriatric Care erweideren. Hei leiert een déi spezifesch Éischt Hëllef un Kanner / Puppelcher unzepassen. Dësen Cours ass speziell fir Trainer déi mat Kanner schaffen geduecht. Zum Emfang vum Cours zielen: Reanimatioun + Ëmgang mat engem AED, friem Objet aus den Otemweeër entfernen.

Oxygen Firs Aid for Diving Emergencies Video

Des Formatiounen bidden mir eisen Clubmemberen un. Den Präis vun den Formatiounen ass den Präis vum Student Kit vun DAN, mir wëllen als Club hei näischt drop verdéngen an eisen Instruktor mecht d’Ausbildung bénévole. Et geet em eis & äer Sécherheet an jiddwereen soll Méiglechkeet hunn sech sou gutt et nëmmen geet auszebilden an weiderzebilden am Interesse vum ganzen Club. (just als Praisiddi: Den Prais leit bei ca. 30-45 Euro fir Buch & Zertifizeirung (je no Cours, an Zuel un Kandidaten) (D’Coursen sinn awer just fir eis Verainsmemberen)

Umellung oder Froen zu enger Formatioun:

Nimmst du teil?(erforderlich)

Fir dei definitiv Umellung zu engem Cours musst dir desen Formulaire ausgefëllt ärem Moniteur matbrengen.

DAN – PARTNER Programm

Hei drenner fannt dir Informatiounen iwwert den DAN Partner Programm

Mir hunn iwwert eisen DAN Instruktor (#760187 MARGREVE Alain) een Partenariat mat DAN, wou mir Bonuspunkten sammelen kennen fir mei bëlleg Student Kits oder Formatiounsmaterial ze kaafen.

  • Bass du ewëll Member vun DAN oder wëlls du deng Memberschaft ernéieren?
  • Wells du eng speziell Tauchassurance ofschléissen? Dann klick hei drenner op den Logo an kuck der dei verschidden Optiounen un!

Klick op dësen Link, an den Club kann dovun profitéiren:

Waat mecht DAN (Divers Alert Network)?

Diving Emergencies: +39-06-4211-8685

DAN EUROPE HOTLINE