Bei eis am Club kennt dir den Ëmgang mam Tauchequipment leieren. Dëst erlaabt Iech herno weltwäit déi wonnerbar Ennerwasserwelt ze entdecken. Eng gutt Ausbildung erlaabt Iech dono an den Vakanzen weltweit mat tauchen ze goen. Mat eis kennt dir awer och bei eis an der Géigend d’ganzt Joer iwwer flott Tauchgäng maachen. Mir hunn niewend staatlech brevetéiert Moniteuren (ENEPS) och Moniteuren vun weltwait unerkannten Agencen (CMAS/SDI/TDI/PADI/IAC/IANTD) an och erfahren Taucher déi Iech gären Tauchen bäibréngen an Iech bei den éischten Schrëtt begleeden. Dir kennt bei eis een CMAS * (CMAS One Star Diver) oder een SDI Open Water Diver man. (je no Disponibilitèt vun eisen Moniteuren)

D’Fro dei oft gestalt gëtt: Ass den Brevet weltwait unerkannt?

Wann dir bis decidéiert sidd een Tauchschain ze maachen, dann bidden mir Iech am Club alleguer Brevet vum Sporttauchen un, vum Ufänger bis zum erfuerenen Taucher. Mir bilden aus no den Standard vun der CMAS an vun SDI/TDI. Eis Brevet sinn weltwäit unerkannt! CMAS besteet aus engen 160 nationalen Tauchfédératiounen déi sech gemeinsam Standard ginn hunn fir d’Brevet unzëerkennen. Doniewent gëtt et WRSTC déi alleguer Standard fir déi bekannten kommerziell Tauchorganisatiounen (SDI, SSI, PADI,…) definéieren. Tëschent den Systemer gin et dezent Ënnerscheeder, mee et ass prinzipiell méiglech vun enger Organisatioun bei déi aner ze wiesselen. Mir roden Iech fir den Brevet nek eng Organisatioun erauszesichen, mee sicht Iech een Moniteur deem dir vertraut, am Endeffekt ass et egal wei eng Kaart deen Iech an den Grapp dréckt, soulaang d’Ausbildung serieux ass. Ënnert desem LINK stellen mir Iech eis Moniteuren / Encadrants fir.

Den eischten Tauchbrevet erlaabt iech herno an Begleedung vun experimentéierten Taucher bis zu 18m (resp 20m) Meter déif ze tauchen.

Prais: 150 €

Payconiq – P1/OWD Cotisatioun muss nach zousätzlech beglach gin

Am Präis ass Ausléinen vun der Tauchfläsch, Weste, Détendeur, Neoprenkostüm (wann mir är Greisst hunn) Dokumentatioun an een Logbuch abegraff. (mei Infos zum Tauchmaterial ganz ennen op der Sait)

Bedingungen: 14 Joer aal sinn an een gültegen Attest vum Dokter hun (ab 10 Joer kann een bei eis an der Kannersektion een Juniorbrevet man)

Oflaf vum Cours:

Theorie: ca 4 Owender: (Drock, Préventioun vun Accidenter, Material, Sécherheetsreegelen, Planung vun Tauchgäng…)
Schwämmstraining: (all Übungen ginn lues an lues an der Schwämm geléiert, niewend dem Tauchen mat der Tauchfläsch zielen och Übungen mat ABC Ausrüstung dozou. (Flossen, Schnorchel & Brëll)

1-2 Tauchgäng an der Fosse: als Preparatioun op Stauséitauchgäng (-15m)
mind. 5 Tauchgäng am Stauséi oder engem aneren Séi dobei (hei ginn d’Übungen déi mir den Wanter iwwer an der Schwämm geleiert hunn ugewannt)

Den detailléierten Oflaf fannt dir am Reglement Technique hei drenner

Wann dir Froen huet dann maacht eis een Mail, mir äntweren gären op all Ufro.

Programm fir den 1ten Brevet Saison 2024

Ufank vum Cours ass am Januar 2024, dir kennt eis gären am Viraus kontaktéiren fir een Schnuppertauchgang ze maachen.

D’Coursen fannen alleguer als Gruppencours statt zu den Trainingsdaten vum Club (Donnesdeg/Dasdegs) an fannen an letzebuerger Sprooch statt. Mir huelen maximal 6 Kandidaten pro Grupp un.

Falls fir Interesse un engem beschleunigten Cours / Eenzelcours hudd, dann mellt Iech bei eisen Moniteuren dei Iech gären Informatiounen heizou ginn.

Décembre19.30-21.00SchwämmSchnuppertauchen / Infos bei eisen Moniteuren an Encadrantsall
18.01.2418.15 – 19.00ClublokalSéance d’Information (Présentation Exercices + Programmes) Alain
18.01.2419.30-21.00SchwämmPiscine 1 BLOC (Veste, stabilisation, remontée veste) palmage, Trim)all
20.01.2409.00-15.00ClublokalTheorie 1 (Introduction, Physique, Pression, Accidents mécaniques) + Matériel tbd
23.01.2418:0019.30-21.00Theorie 2 (Accident Decompression, Noyade, Sécurité)
25.01.2419.30-21.00SchwämmPiscine 3 BLOC (Bascule latérale, VDM, LRE, Stabilisation, palmage remontée veste)
27.01.2407.00BootAusfluch op Boot (Meiglechkeet Material ze kaafen, Infos iwwert tauchen)
30.01.2418.00ClublokalTheorie 3 (Tables de Plongées, Ordinateur, répétitions)
01.02.2419.30-21.00SchwämmPiscine 4 BLOC (Saut Droit, Signes, Panner d’Air, Essoufflement, Froid, Crampes…)
08.02.2418.00ClublokalExamen (Theorie)
19.30SchwämmPiscine 5 PMT (Entraînement en groupe)
22.02.2419.30-21.00SchwämmPiscine 6 BLOC (répétitions, inflation orale, jetter plombs, ..)
29.02.2419.30-21.00SchwämmPiscine 7 PMT (Entraînement en groupe, perfectionnement palmage, apnée 20m, endurance)
Janvier – JuinFosseRemontée Veste
Janvier – JuinFosseRemontée Octopus
Janvier – JuinFosseRemontée assistée, …
Mai-juin18.00LultzhausenLac 1 (Plongée d’adaptation)
Mai-juin18.00LultzhausenLac 2 (vdm, LRE, rel, remontée 7m-surface)
Mai-juin18.00LultzhausenLac 3 (vdm, LRE, rel, remontée 10m-surface)
Mai-juin18.00LacLac 4 (saut droit, vdm, LRE, rel, remontée 10m aves stop à 3m/1min)
Mai-juin18.00LacLac 5 (exercice finale)
Mai-juin18.00LacLac 6 (réserve)
Mai-juin18.00LacLac 7 (réserve)
Mai-juin18.00LacLac 8 (réserve)

Umellung fir Formatioun CMAS * / OWD:

Ech geif gären deelhuelen un der Formatioun P1/OWD?

Tauchmaterial fir Ausbildung

Mir kennen deen gréissten Deel vum Material verléinen an roden emmer jiddferengem emol als eischt am Club sech daat engt oder anert unzekucken an nek direkt alles nei ze kaafen. Allerdings ginn et puer Saachen dei een aus hygienischen an Komfortgrënn sech diekt sëlwer zouleen muss: Schwämmsflossen, Schnorchel, Tauchmaske (ABC / PMT Material), an enger zweeter Phase evtl. Botillons, Händchen, Mutz.

Dono recommandéiren mir des Reihenfolg fir sech lues a lues eegent Geschirr zouzeleen:

  • Geräteflossen, Blei (4kg)
  • Neoprenkostüm (7mm, Hallefdrëchen fir am kaalen Waasser)
  • Tauchcomputer (Nitroxfäheg, gudd ofliesbar = groussen Display)
  • Tauchweste (BCD oder Wing/Backplate)
  • Detendeur (Membran, idealerweis 2 getrennten 1 Stuufen (ab P2 obligatorisch))
  • Fläsch

Eis Moniteuren / Encadrants beroden Iech dobei gären. Denkt drun, et muss och nek emmer alles nei sinn, verschiddenes kritt een och gudd als Occasiounsmaterial, froot awer dei mei erfahren Taucher em Rot, nek dass der herno 2 x kaafen muss.

Wanns du op der Sich bass no Tauchmaterial, dann kanns du dech bei desen Butteker an der Groussregioun informeiren.

Divewinns,
51 Rue des Trois Cantons,
L-3961 Reckange-sur-Mess
Oasis Liège,
Rue sous l’eau 66
B-4020 Liège
ActionSport
Hubertus-von-Nell Str. 10
D-66706 Perl

Feedback zu eisen Formatiounen

Op desen Plazen kennt dir eis Feedback zu den Formatiounen ginn, resp. Iech ukucken wei den Feedback vun den Kandidaten virdrun war.