Mir kennen elo zousätzlich niewend den CMAS/FLASSA Formatiounen och Formatiounen vun ITI (International Training) ubidden. D’Organisatioun ass 1994 gegrënnt ginn vun technëschen Taucher fir Nitroxausbildungen am Sportberaich mei bekannt ze maachen.

Haut besteet International Training aus Scuba Diving International (SDI)Technical Diving International (TDI) an Emergency Response Diving International (ERDI) an zielt zu der 3t gréisster Tauchorganisatioun weltwait am Sporttauchen, an ass mat TDI Nummer 1 am technëschen Beraich. Doniewend ass mat ERDI och Public Safety Diving (Pompjeen/Police) een Thema an et ginn speziell Passerellen an den Sporttauchberaich eriwwer. Ausserdem ass Apnoetauchen mat PFI an 1. Hellëf mat FRTI alles iwwert eng Organisatioun organiseirt.

Hei den Iwwerbléck iwwert alleguer d’Formatiounen vun Scuba Diving International (SDI):

Den Virdeel vun den SDI Formatiounen ass deen, dass een wahlweis mat engem Moniteur oder am E-Learning respektiv selwer mam Buch doheem kann Theoriemoduler prepareiren. D’Formatiounsmaterial ass och an verschiddenen Sproochen ze kreien. (Daitsch, franseich, englisch, portugiesech,…).

Mir kennen folgend SDI Formatiounen op Ufro ubidden, verschidden Formatiounen kennen och zesummen mat engem CMAS Brevet ofgeschloss ginn. All Formatiounen sin och fir Kanner/Jugendlecher accessibel: Junior Diver / Advanced Junior Diver / Junior Rescue Diver .

Open Water Diver (OWD)

Hei leiert dir d’Basiswessen fir den eischten Tauchbrevet:

  • d’Ennerwasserwelt: Faarwen, Lucht, Vision, Geforen durch Wellen an Stréimung.
  • Physik an Physiologie: Opdriww, Drock, Barotrauma, Gasgemescher, Grondwessen Dekompressionstheorie,…
  • Tauchmaterial: praktesch an theoritisch Erklärungen
  • Planung vun engem Tauchgang an aller Secherheet
  • alleguer dei elementär praktisch Exercicer
  • als E-Learning oder Selbststudium resp. gemeschten Formatioun (Präsenzunterricht & E-Learning)
  • Preis 200 Euro (individuell Formatioun) / duebel Certification (CMAS + SDI)
  • Fir Umellung oder mei Infos fëllt hei drenner den Formulaire aus.
  • Klickt op Bild fir weider Informatiounen

Advanced Open Water Diver

Fir des Ausbildungsstuf ze erlangen muss dir Erfahrungen an den verschiddensten Beraicher gewonnen hunn an mindestens 25 TG ofgeschloss hunn. Fir Erfahrung ze kreien ginn et verschidden Spezialbrevet wei zB Nitrox, Deep Diver, Wracktauchen, Scootertauchen, Material, Computertauchen…. Mei Infos kritt dir bei engem vun eisen Instruktoren oder iwwert den Formulaire hei drenner. (

Prais fir Certificatioun 50 Euro, plus Prais vun den eenzeln Specialties)

Klickt op Bild fir weider Informatiounen

Rescue Diver

Wärend dëser Formatioun leiert dir vill iwwert Sécherheet beim Tauchen, wei dir Accidenter kennt verhënneren, wei een Tauchgäng sécher plangt a wei een am Noutfall een aneren Taucher kann retten. Den Cours kann mat engem Eischt Hellef Cours oder Sauerstoffprovidercours kombinéiert ginn. Den Cours ass Basis fir alleguer dei aner Formatiounen ewei: Divemaster, Assistant Instructor, Instructor, etc…

Prais: 200€ ( Oxygen Provider inclus / evtl. zousätzlich frais CPR/First Aid)

Klickt op Bild fir weider Informatiounen

Master Diver

Du bass Rescue Diver an hues och well ganz vill Erfarung an den ënnerschiddlechen Ausbildungen gesammelt? Dann qualifizéiers du dech villäicht als Master Diver. Et ass den héchsten Brevet am Sporttauchberaich, vergläichbar mat dem CMAS/FLASSA P4.

Preis: 50 Euro

Spezialisatiounen je no Wonsch:

Niewend den Brevet besteet och Meiglechkeet sech an verschiddenen Beraicher mei intensiv weiderzebilden.

Dei beléiwsten Specialites sinn: Nitrox, Deepdiver, Drysuit an Search an Rescue. Des gin meeschtens kombineiert fir den Advanced Open Water Brevet ofzeschléissen. Domat huet een dann eng Equivalenz zum P2/CMAS**.


Divemaster – Assistant Instructor

Du wells dech am Encadrement an der Ausbildung am Tauchsport engagéiren? Dann ass deen nächsten Schratt eng Divemaster / Assistant Instructor Ausbildung. Des Formatiounen bidden mir just eisen langfristigen Memberen un (mind. seit 3 Joer Member vum SACW). Ween awer eng Formatioun maachen, wëll ouni des Konditiounen ze erfëllen kann op www.sditdi.com eng Basis an der Groussregioun sichen dei dëst ubidd. Mei Infos hei drenner:

E-Learning / Theorie

Ee vun den groussen Virdeeler vun den SDI/TDI Formatiounen ass, dass dir dei meescht Coursen doheem an ärem Rythmus als E-Learning prepareiren kennt. Ären Moniteur informeiert Iech gär iwwert Meiglechkeeten. Dir kennt theoretisch nach den Dag selwer mat engem E-Learning Cours ufänken.

D’Coursen sin alleguer op Englisch verfügbar, an verschidden Coursen op mei Sproochen: Daitsch, Franseich,…

Ee „Klick“ op Bild hei niewendrun, brengt Iech zu den Coursen dei aktuell verfügbar sinn. Froot eis fir ären individuellen Login an Code einfach per mail.

Umellung oder Froen zu den SDI Formatiounen

Hei drenner fannt dir Dokumenter dei dir fir dei definitiv Umellung ausgefëllt mat bei ären Moniteur musst brengen:

selwechten Formulaire wei hei driwwer just an daitscher Sprooch.