Eis Jugendsektioun ass fir Kanner / Jugendlicher ab 13/14 Joer zougänglich. Mir trainéiren hei fir den eischten Erwuessenentauchschain, dëst awer an engem relaxen Kader, nek wei an engem klasseschen Tauchkurs. Dei Jugendlech gin am Training aktiv mat agebonnen an därfen hiren Training mat gestalten. Mir man niewend Fläschentauchen och Flossenschwammen, an vill Spiller / Competitiounen am Grupp wei zB: Ennerwaasserhockey, Rugby, Apnoe asw.

D’Kanner kreien ausserdeem een Ableck an den Sekurismus / 1 Hellef Cours. Fir dei jugendlech dei nach keen P1 Cours hunn, schaffen msir dest Joer dorunner, fir dei aner fänken mir well lues mat den Exercicer fir den zweeten Brevet (CMAS **) un, deen een ab 16 Joer kann kreien.

Op Ufro kennen d’Kanner zousätzlech och een Junior Rescue Diver Brevet maachen.

Eis Trainingszaiten fir Jugendtauchen (ab 14 Joer)

Dir fannt alleguer eis Kannertrainingen an eisem Kalenner an der Rubrik Jugendtauchen. 

Des Saison sinn nach folgend Trainingen geplangt:

Schwämm Kietscht (Dasdes)

Jugendtraining (ab 14 Joer): Training vun 18.15 bis 19.45 Auer (rdv ass um 18h15 Auer beim Bassin)

  • 03.10.2023 Flossentraining
  • 17.10.2023 Fläschentraining
  • 07.11.2023 Flossentraining
  • 05.12.2023 Fläschentraining
  • 19.12.2023 Flossentraining
  • 16.01.2024 Fläschentraining
  • 30.01.2024 Flossentraining
  • 20.02.2024 Fläschentraining
  • 05.05.2024 Flossentraining
  • 19.03.2024 Fläschentraining
  • 16.04.2024 Flossentraining
  • 30.04.2024 Fläschentraining

Schwämm Woltz (Donnesdegs)

Piscine Lycée du Nord Wiltz

Jugendtraining (ab 14 Joer): Ze Woltz hun mir keen spezifischen Jugendtraining, mee eis Jugend ass awer wellkomm am Kader vun eisem Erwuessenentraining all Woch matzemaachen.

Fosse – Coque (Dasdes)

Dasdes, Training vun 19.00 – 20.00 Auer, rdv ass emmer um 18h15 Auer bei der Keess

  • 21.11.2023 Fosse
  • 14.05.2024 Fosse

Ab dem 1 Juni 2024 kennen dei Jugendlech eis all Woch am Stauséi begleeden. Am einfachsten ass dofir wann jiddereen sech individuell am Kalenner andreit.

Indoortauchen

Mir probéiren och 1-2 Sortien mat den Kanner ze organiséiren, zB an den TODI ze Beringen (B).

Stauséi / Freigewässer

Vun Juni bis September plangen mir je no Wieder, Waasserbedingungen (Temperatur, Siicht, Algen…) an verfügbarem Encadrement zesummen mat den Elteren verschidden Tauchgäng am Stauséi resp. an der Groussregioun.

Prais

  • Cotisatioun Club 50 € / Joer
  • Prais fir den P1 Brevet 50 € (CMAS * passage vum J3 op den P1)
  • Prais fir den P1 Brevet 150 € (wann een virdrun keen Junior Brevet hat)
  • am Preis ass Verleinen vum Material inclus
  • + Fraise fir Aktivitéiten (Entrée, Deplacementer, …)
  • All Aktivitéiten ginn vun eisen benevollen Moniteuren / Encadrants organiséiert.

Firwaat Jugendtauchen?

  • Eis Jugend ass an der Kannerequipe zesummengewues, an mir wollten deen Teamgeescht ennerstetzen an mat hinnen zesummen eng Jugendsektioun opbauen.
  • Sport an Beweegung fir jiddereen (no kuerzem Checkup beim Dokter)
  • d’Gefill vun der Schwerelosigkeet léieren
  • d’Kanner léieren d’Ënnerwaasserwelt kennen
  • Stäerkung vum Selbstbewosstsinn, Eegeverantwortung iwwerhuelen an Verantwortung fir anerer aus dem Grupp
  • sech un Reegelen halen léieren
  • Gruppendynamik ouni Leeschtungsdrock
  • sech an engem Grupp integréieren
  • ee Sport ouni Kompetiounsdrock ausüben
  • sportlech aktiv sinn
  • een Hobby deen een an der ganzen Famill ausüben kann, mat der Mamm oder dem Papp speider tauchen goen
  • einfach relax oftauchen an d’Rouh ennerwasser genéissen an den Alldag hannert sech loossen
  • flott Aktivitéiten nondrem Tauchen an Waassersport
  • an eiser Jugendsektioun kennen mir och dei tauchend Elteren mat abannen.

Waat sin d’Konditiounen?

Kanner vun 14 Joer un kennen sech an eisem Kannertauchgrupp aschreiwen. D’Kanner mussen eng Visitt beim Dokter maachen, an kennen dann bei eis am Grupp matmaachen. Den Formulaire vun eiser Fédération fannt dir hei drenner:

Mir brauchen vun den Elteren just eng Autorisation Parentale, dei fannt dir och direkt hei drenner:

Waat brauch mein Kand vun Material?

Den Veräin kann fir den Schnuppertauchgang dat komplett Material zur Verfügung stellen. Wann d’Kand sech ageschriwwen huet recommandéieren mir aus Hygienesgrënne, genee wei bei den Erwuessenen als éischt d’Uschafung vun engem ABC-Set (Schnorchel, Brëll, Mask). Wichteg hei ass, dass den Taucherbrëll an den Schnorchel un d’Kand ugepasst sinn. Den Schnorchel däerf nek ze laang sinn an den Brëll muss gutt setzen an Kand muss un Nues kommen fir den Drockausgläich ze maachen. Eis Moniteuren ginn iech gären Adressen un wou een Material kaafen kann. (eng vun den Adressen ass eisen Sponsor: Divewinns zu Ehlange (Link)

Tauchfläschen, Tauchweste, Otemregler, Neoprenkostümer huet den Club respektiv eis Federatioun an kennen fir Aktivitéiten verléint gi.

Wou kann ech mech umellen?

Am beschten dir maacht zesummen mat engem vun eisen Moniteuren een RDV fir een Schnuppertauchen an dann kann den Moniteur zesummen mam Kand an den Elteren déi weider Schrëtt genau erklären.


Impressiounen vun eisen Trainingen & Aktivitéiten:

ofwiesselungsraichen Training

Links zum Thema Kannertauchen

https://www.lexibo.com/de/blog/kindertauchen-infos-und-tipps-rund-ums-tauchen-fuer-kinder

https://flassa.lu/index.php/documents/category/14-plongee-enfant