Kindertauchen

Mir bidden Kannertraining un, fir Kanner ab 10 Joer. D’Kanner léieren hei spillerësch d’Grondreegelen vum Flossenschwammen an och vum Tauchen mat dem kompletten Tauchgerät. Des Aktiviteiteit fënnt am Ufank just an der Schwämm statt resp. an Indoortauchzentren statt wou Tauchkonditiounen och kandgerecht sinn. Wann d’Kanner hiren éischten Tauchschein (Junior 1) bis fäerdeg hunn, kennen si zesummen ab 12 Joer mat eisen erfuerenen Moniteuren och am Freiwaasser (Séi, Carrièren, Mier) tauchen goen.

Wann äert Kand interesséiert ass um Kannertauchen, mellt Iech iwwert eisen Formulaire hei drenner un respektiv frot no méi Informatiounen bei engem vun eisem responsabelen Moniteuren. Een Schnuppertauchen ass och op rdv zu aneren Daten méiglech.

Bei eis kennen Kanner no an no, ouni Leeschtungsdrock, déi 3 Kannerbrevet déi Federatioun ubitt ofschléissen.

Brevets de plongeurs-enfantEquivalence Brevet FLASSA ↔ CMAS
Plongeur Junior 1 (J1)Plongeur CMAS Dauphin argent
 Plongeur Junior 2 (J2)Plongeur CMAS Dauphin bronze
Plongeur Junior 3 (J3)Plongeur CMAS Dauphin or

Op Ufro kennen d’Kanner zousätzlech och een Junior Open Water Diver Brevet maachen, fir dei Elteren dei evtl an der Vakanz mat hiren Kanner wellen tauchen goen. Infos beim Alain.

Eis Trainingszaiten fir Kannertauchen (10-14 Joer)

Dir fannt alleguer eis Kannertrainingen an eisem Kalenner an der Rubrik Kannertauchen. 

Fir Saison 2023/24 sinn am ganzen folgend Trainingen geplangt:

Schwämm Kietscht (Dasdes)

Kannertraining, Training vun 18.15 – 19.30 Auer, rdv ass emmer um 18h15 beim Bassin

  • 26.09.2023 Fläschentauchen
  • 10.10.2023 Fläschentauchen
  • 24.10.2023 Flossentraining
  • 14.11.2023 Fläschentauchen
  • 28.11.2023 Flossentraining
  • 12.12.2023 Fläschentraining
  • 23.01.2024 Flossentraining
  • 06.02.2024 Fläschentraining
  • 27.02.2024 Flossentraining
  • 12.03.2024 Fläschentraining
  • 26.03.2024 Flossentraining
  • 23.04.2024 Fläschentraining
  • 07.05.2024 Flossentraining
  • 21.05.2024 Fläschentraining

Fosse – Coque (Dasdes)

Dasdes, Training vun 19.00 – 20.00 Auer, rdv ass emmer um 18h15 Auer bei der Keess

  • 09.01.2023 Fläschentraining
  • 04.06.2024 Fläschentraining

Stauséi – (BNL) ab 12 Joer

Safety Briefing

Dasdes ab Juni, Traing vun 18.00 bis 20.00 Auer, rdv 1800 Auer beim Vestiaire (just bei guddem Weeder an idealer Siicht am Stau)

  • 11.06.2024 Lultzhausen
  • 18.06.2024 Lultzhausen
  • 25.06.2024 Lultzhausen
  • 02.07.2024 Lultzhausen
  • 09.07.2024 Lultzhausen
  • Summervakanz, je no Disponibiliteit vun eisen Moniteuren

Indoortauchen

Mir probéiren och 1-2 Sortien mat den Kanner ze organiséiren, zB an den TODI ze Beringen (B).

Mir plangen un enger Sortie fir d’Kanner den 28.10.2023 (evtl Todi oder Montemare) Detailler kommen no.

Den Detail vun den Aktivitéiten mat chronologischen Oflaaf, fannt dir an eisem Kalenner „Kannertauchen“.

Stauséi / Freigewässer

Vun Juni bis September plangen mir je no Wieder, Waasserbedingungen (Temperatur, Siicht, Algen…) an verfügbarem Encadrement zesummen mat den Elteren verschidden Tauchgäng am Stauséi resp. an der Groussregioun.

Prais

  • Cotisatioun Club 50 € / Joer
  • Prais pro Brevet 50 € (CMAS Junior Diver *, **, ***)
  • + Fraise fir Aktivitéiten (Entrée, Deplacementer, …)
  • All Aktivitéiten ginn vun eisen benevollen Moniteuren / Encadrants organiséiert.

Firwaat Kannertauchen?

  • Sport an Beweegung fir jiddereen (no kuerzem Checkup beim Dokter)
  • d’Gefill vun der Schwerelosigkeet léieren
  • d’Kanner léieren d’Ënnerwaasserwelt kennen
  • Stäerkung vum Selbstbewosstsinn, Eegeverantwortung iwwerhuelen an Verantwortung fir anerer aus dem Grupp
  • sech un Reegelen halen léieren
  • Gruppendynamik ouni Leeschtungsdrock
  • sech an engem Grupp integréieren
  • ee Sport ouni Kompetiounsdrock ausüben
  • sportlech aktiv sinn
  • een Hobby deen een an der ganzen Famill ausüben kann, mat der Mamm oder dem Papp speider tauchen goen
  • einfach relax oftauchen an d’Rouh ennerwasser genéissen an den Alldag hannert sech loossen
  • flott Aktivitéiten nondrem Tauchen an Waassersport

Waat sin d’Konditiounen?

Kanner vun 10 Joer un kennen sech an eisem Kannertauchgrupp aschreiwen.

d’Aschreiwung gëtt no engem Schnuppertauchgang mat engem erfuerenen Moniteur, zesummen mat den Elteren an mam Kand gemaach. Wann d’Kand Tauchen well, fëllt den Moniteur zesummen mat den Elteren een „Aschreiwungsdossier“ aus, deen aus folgenden Dokumenter besteet:

  • Aide-mémoire fir d’Elteren (Resumé vun den Risiken beim Tauchen an Consignen)
  • Umeldungsformulaire vum Kand
  • eng „Autorisation parentale“
  • Demande d’accord parentale quant au droit à l’image de l’enfant
  • Certificat médical du médecin/pédiatre de référence
  • Certificat médical d’un médecin ORL
  • Les contre-indications à la plongée sous-marine

Waat brauch mein Kand vun Material?

Den Veräin kann fir den Schnuppertauchgang dat komplett Material zur Verfügung stellen. Wann d’Kand sech ageschriwwen huet recommandéieren mir aus Hygienesgrënne, genee wei bei den Erwuessenen als éischt d’Uschafung vun engem ABC-Set (Schnorchel, Brëll, Mask). Wichteg hei ass, dass den Taucherbrëll an den Schnorchel un d’Kand ugepasst sinn. Den Schnorchel däerf nek ze laang sinn an den Brëll muss gutt setzen an Kand muss un Nues kommen fir den Drockausgläich ze maachen. Eis Moniteuren ginn iech gären Adressen un wou een Material kaafen kann. (eng vun den Adressen ass eisen Sponsor: Divewinns zu Ehlange (Link)

Tauchfläschen, Tauchweste, Otemregler, Neoprenkostümer huet den Club respektiv eis Federatioun an kennen fir Aktivitéiten verléint gi.

Wou kann ech mech umellen?

Am beschten dir maacht zesummen mat engem vun eisen Moniteuren een RDV fir een Schnuppertauchen an dann kann den Moniteur zesummen mam Kand an den Elteren déi weider Schrëtt genau erklären.

Hei fannt dir den Dossier fir Aschreiwung vun ärem Kand, deen dir der Kannertauchequipe ennerschriwwen kennt mat huelen. Bei Froen zeckt nek een vun eisen Kannermoniteuren ze froen. Den Dossier mussen mir reicht komplett hun, no 3-4 Trainingen. Virdrun fällt eis just, w.e.g. dei eischt Saiten aus 4 Saiten aus.

Impressiounen vun eisen Trainingen & Aktivitéiten:

Ofwiesselungsraichen Training

Links zum Thema Kannertauchen

https://www.lexibo.com/de/blog/kindertauchen-infos-und-tipps-rund-ums-tauchen-fuer-kinder

https://flassa.lu/index.php/documents/category/14-plongee-enfant