Kannertraining

Mir bidden och Kannertraining un, fir Kanner ab 10 Joer. D’Kanner léieren hei spilleresch d’Grondreegelen vum Flossenschwammen an och vum Tauchen mat dem kompletten Tauchgerät. Des Aktiviteiteit fënnt am Ufank just an der Schwämm statt resp. an Indoortauchzentren statt wou Tauchkonditiounen och kandgerecht sinn. Wann d’Kanner hiren éischten Tauchschein (Junior 1) bis fäerdeg hunn, kennen si zesummen mat eisen erfuerenen Moniteuren och am Freiwaasser (Séi, Carrièren, Mier) tauchen goen.

Wann äert Kand interesséiert ass um Kannertauchen, mellt Iech iwwert eis Funktioun Schnuppertauchen un respektiv frot no méi Informatiounen bei engem vun eisem responsabelen Moniteuren. Een Schnuppertauchen ass och op rdv zu aneren Daten méiglech.

Bei eis kennen Kanner no an no, ouni Leeschtungsdrock, déi 3 Kannerbrevet déi Federatioun ubitt ofschléissen.

Brevets de plongeurs-enfantEquivalence Brevet FLASSA ↔ CMAS
Plongeur Junior 1 (J1)Plongeur CMAS Dauphin argent
 Plongeur Junior 2 (J2)Plongeur CMAS Dauphin argent
Plongeur Junior 3 (J3)Plongeur CMAS Dauphin or

Trainingszeiten

Den Training fënnt statt ze Koetschette an der Schwämm, Dasdes Owes vun 18h15 bis 19h30 Auer, am Rythmus vun 2-3 Wochen. 

Dir fannt alleguer eis Kannertrainingen an eisem Kalenner an der Rubrik Kannertauchen. 

Des Saison sinn nach folgend Trainingen geplangt:

Koetschette

  • September: 28.09
  • Oktober: 12.10
  • November: 16.11 + 30.11
  • Dezember: 14.12
  • Januar 2022: 18.01
  • Februar 2022: 08.02
  • März 2022: 01.03 + 15.03 + 29.03
  • Mai 2022: 03.05 + 17.05

Fosse de Plongée (Piscine Olympique Kirchberg)

  • 26. Oktober 2021
  • 04. Januar 2022
  • 19. Abrëll 2022

Stauséi / Freigewässer

Vun Juni bis September plangen mir Aktiviéiten um Stauséi oder an der Groussrégioun. Daten gin den Kanner/Elteren mat Zait matgedeelt.

Prais

  • Cotisatioun Club 40 € / Joer
  • Prais pro Brevet 50 € (CMAS Junior Diver)
  • + Fraise fir Aktivitéiten (Entrée, Deplacementer, …)
  • All Aktivitéiten ginn vun eisen benevollen Moniteuren / Encadrants organiséiert.

Firwaat Kannertauchen?

  • Sport an Beweegung fir jiddereen (no kuerzem Checkup beim Dokter)
  • d’Gefill vun der Schwerelosigkeet léieren
  • d’Kanner léieren d’Ënnerwaasserwelt kennen
  • Stäerkung vum Selbstbewosstsinn, Eegeverantwortung iwwerhuelen an Verantwortung fir anerer aus dem Grupp
  • sech un Reegelen halen léieren
  • Gruppendynamik ouni Leeschtungsdrock
  • sech an engem Grupp integréieren
  • een Hobby deen een an der ganzen Famill ausüben kann, mat der Mamm oder dem Papp speider tauchen goen
  • einfach relax oftauchen an d’Rouh ennerwasser genéissen an den Alldag hannert sech loossen
  • flott Aktivitéiten nondrem Tauchen an Waassersport

Waat sin d’Konditiounen?

Kanner vun 10 Joer un kennen sech an eisem Kannertauchgrupp aschreiwen.

d’Aschreiwung gëtt no engem Schnuppertauchgang mat engem erfuerenen Moniteur, zesummen mat den Elteren an mam Kand gemaach. Wann d’Kand Tauchen well, fëllt den Moniteur zesummen mat den Elteren een „Aschreiwungsdossier“ aus, deen aus folgenden Dokumenter besteet:

  • Aide-mémoire fir d’Elteren (Resumé vun den Risiken beim Tauchen an Consignen)
  • Umeldungsformulaire vum Kand
  • eng „Autorisation parentale“
  • Demande d’accord parentale quant au droit à l’image de l’enfant
  • Certificat médical du médecin/pédiatre de référence
  • Certificat médical d’un médecin ORL
  • Les contre-indications à la plongée sous-marine

Waat brauch mein Kand vun Material?

Den Veräin kann fir den Schnuppertauchgang dat komplett Material zur Verfügung stellen. Wann d’Kand sech ageschriwwen huet recommandéieren mir aus Hygienesgrënne, genee wei bei den Erwuessenen als éischt d’Uschafung vun engem ABC-Set (Schnorchel, Brëll, Mask). Wichteg hei ass, dass den Taucherbrëll an den Schnorchel un d’Kand ugepasst sinn. Den Schnorchel däerf nek ze laang sinn an den Brëll muss gutt setzen an Kand muss un Nues kommen fir den Drockausgläich ze maachen. Eis Moniteuren ginn iech gären Adressen un wou een Material kaafen kann. (eng vun den Adressen ass eisen Sponsor: Divewinns zu Ehlange (Link)

Tauchfläschen, Tauchweste, Otemregler, Neoprenkostümer huet den Club respektiv eis Federatioun an kennen fir Aktivitéiten verléint gi.

Wou kann ech mech umellen?

Am beschten dir maacht zesummen mat engem vun eisen Moniteuren een RDV fir een Schnuppertauchen an dann kann den Moniteur zesummen mam Kand an den Elteren déi weider Schrëtt genau erklären. (LINK fir Umellung fir een Schnuppertauchen)

Wann äert d’Kand schon ee Tauchbrevet gemaach huet, mellt iech iwwert den selwechten Wee un, mat der Remark dass Kand schonn ee Brevet an der Vakanz oder engem aneren Veräin gemaach huet. Beim Checkdive, kann den Moniteur dann och selwecht wei beim Schnuppertauchen déi weider Schrëtt erklären.

Hei fannt den Link op Säit vum Kannertauchen vun eiser Fédération:

https://www.flassa.lu/index.php/sections/plongee-enfants