Schnuppertauchen

Ier et mat der Ausbildung zum eischten Tauchbrevet lass geet bidden mir Iech un een Schnuppertauchgang ze maachen. Den Schnuppertauchgang ass gratis. Een Schnuppertauchgang kënnt dir vun 10 Joer un maachen, am Alter uewen ass keng Grenz gesaat.

Mir informeiren regelmeisseg op eiser Homepage an eiser Facebooksait wann mir Schnuppertauchen organiséiren. Dir kennt eis awer och gären eng individuell Ufro schecken an dono kritt dir vun engem vun eisen Tauchmoniteuren een RDV fir Schnuppertauchen. Dir braucht dofir just Schwammbox/Maillot an eng Schwammmutz. (Schnuppertauchen ass prinzipiell méiglech vun Oktober – Mee, wann mir och eng Schwämm / Pool zur Verfügung hunn.)

Eis nächsten Schnuppertauchen ass den 16.02 ze Kietscht an der Schwämm (Infos hei ennert dem Link)

Schnuppertauchen ass zu eisen normalen Trainingszeiten méiglech: Dasdes / Donnesdegs 19.15-21.00 Auer (ausserhalb vun den Schoulvakanzen):