SDI Adventure Diver
Den SDI Adventure Diver Cours ass geduecht Tauchufänger 5 verschidden Spezialisatiounen ze présenteirenm an jeweils 1 TG ennert desem Motto ze maachen. D’Kärspäzialiteiten sin Deep Diver + Naviagatiounm an all Kandidat kann sech 3 zousätzlich Interessengebidder dobei eraussichen wei zb: Computer Nitrox, Night Dive & Ltd Visibility, Search & Recovery, Drysuit ggf Sidemount. Et soll hei weider um Trim an der Stabilitéit am Waasser geschafft gin an dei jeweilig TG kennen speider un Specialty brevets ugerechent gin.
An der Formatioun stin folgenden Exercicer um Programm
- Navigatiounsübungen
- 1ten mei deifen Tauchgäng mat Berechnung vum Loftverbrauch
- den Rescht kennt dir Iech individuell zesummenbauen.
Als Adventure Taucher därft dir bis zu der Déift tauchen dei dir beim Deep TG erreecht huet (maximal 30m).
Präis: 150€
inklus E-Learning
Bedingungen:
- 18 Joer al sinn an een gültegt Attest vum Dokter hunn (ab 10 mam Accord vun den Elteren)
- OWD / CMAS * Brevet (oder een äquivalenten Brevet) hunn
Oflaf vum Cours:
Theorie: Selbststudium / E-learning ass och méiglech
An der Theorie & Praxis kucken mir
- Emgang mat engem Tauchcomputer
- NDL Berechnung vun engem TG
- Loftverbrauch
- Safetystops / Remontée
- Problemleisungen während dem Tauchen
- Problemer beim Deiftauchen (Narkose, O2 Geftegkeet, Co2, Loft)
- Dekompressionsaccident erkennen
- Review vun 1ter Hëllef (Oxygen provider keint mam Cours verbonnen ginn (+45€)
- Navigatioun (Kompass, natiirlech navigatioun, Kaarten, Distanz schätzen, Flossenschlei zielen)
- + vill mei je nodeem wei eng Specialty dir wielt.
Den detailléierten Oflaf fannt dir an den SDI Standarts hei drenner: (Et handelt sech em Minimalstandarts, den Instruktor freet normalerweis mei Exercicer wei hei dran stin)
Waat ass den Ennerscheed zum AOWD Taucher (Advanced Open Water Taucher)?
Bei SDI gett een als Advanced Open Water Taucher bezeechent, wann ee 4 Specialty Coursen matgemeet huet, an mindestens 25 TG kann opweisen. Den Advanced Adventure Diver kennt dir direkt nom OWD Cours ugoen an zesummen mat engem Moniteur dei verschidden Spezialisatiounen wei Navigatioun, Computer, Computer Nitrox, asw durchgoen an iech een Iwwerbleck man an Tauchwessen vergréisseren.
Umellung fir des Formatioun
Umellung fir eisen Cours iwwert den QR Code oder den Button hei niewendrun. D’Umellung get definitiv mam Virement + Registratioun/Ofgin vun den Formulairen hei drenner bei ärem Moniteur.
He drënner fannt dir Dokumenter dei dir fir dei definitiv Umellung ausgefëllt ärem Moniteur musst ofgin oder eis eranmailen musst: (Mir kennen awer och gären virum 1ten Cour zesummen driwwer kucken an alles durchgoen)
Feedback zu eisen Formatiounen
Op desen Plazen kennt dir eis Feedback zu den Formatiounen ginn, resp. Iech ukucken wei den Feedback vun den Kandidaten virdrun war.
Frequently asked questions (FAQ)
Besicht eis FAQ Sait wann dir Froen zum Verain stellen wellt, wei z.B. Wei gin ech Member? oder Weini sin Trainingen? asw.