Instructor (SDI)
Dreemst Du dovun, deng Passioun fir den Tauchsport mat aneren ze deelen? Mat eisem SDI Instructor Cours (IDC + IEC) hues Du d’Méiglechkeet, selwer Taucher auszebilden an se op hiren Aventuren z’erreechen. An dësem intensiven Cours kriss Du déi néideg Kompetenzen a Kenntnisser vermëttelt, fir sécher an efficace Tauchcoursen ze ginn. Eist professionellt Team begleed dech duerch Theorie a Praxis, fir datt Du e voll qualifizéierten SDI Instructor gëss. Gëff Deel vun eiser engagéierter Tauchsport-Communautéit!
Präis: op Ufro
(just als Internship)
Bedingungen:
- 18 Joer al sinn an een gültegt Attest vum Dokter
- SDI Divemaster (oder équivalent)
- minimum 100 TG ennert diversen Bedingungen
- Oxygen Provider + 1 Hellëf Cours
- seit mindestens 1 Joer am Club sinn, an 30 TG bei eis absolvéiert hunn.
- Equipment op Pro Level (proppert Material, UptoDate an am perfekten Zoustand)
Oflaf vum Cours
- Theorie zum Deel am E-Learning, zum Deel als Workshop mat eiser Formatiounsequipe
- 4-5 Präsentatiounen vun Theoriecoursen
- 8 Präsentatiounen am Waasser (Séi + Schwämm/Séi)
- Assistenz bei 4 Specialty Coursen
- Assistenz bei engem Rescue Cours
- Emfang Total: circa 70-80h Formatioun
- Rettungsübungen e.a. Rescuescenario an Demonstationsqualitéit
- 400m schwammen enner 10 min
- 800m Flossenschwammen ennert 17min
- 10 min Survivalfloat
- all Skills an Demonstationsqualiteit beherrschen / alles neutral tareiert durchféiren
Waat därf ech nom Cours maachen?
- autonom ofhalen vum kompletten SDI OWD Cours
- Inactive Diver/Refresher course, Advanced Adventure Diver Specialty, Computer Diver specialty,
- Rescue Diver Coursen
- Divemaster Coursen
- am Cours sin 5 Formatiounen fir Specialty inclus, mei op Nofro (Supplément Prais)
Wéi leeft Formation of?
Als eischt Theorie als E-Learning fir Basis vum Instruktorwessen ze hun, dono an Form vun Workshops fir d’Wessen ze verfeineren, Präsentation vun Coursen, dono als Internship am Verain begleet dir eis Equipe bei der Ausbildung vun reelen Kandidaten.
Den Cours setzt sech zesummen aus engem IDC (Instructor Development Course), deen dir integral mat eisem Course Director Alain MARGREVE maacht. Den kompletten Emfang vum Cours sin minimum 100h, dovun minimum 50h am IDC, an 10h am IEC (Examen).
Den IEC (Instructor Examination Course) get vun engem SDI Instructor Trainer ofgehal, während 1 Weekend preift heen iech op dir SDI Standarts erfëllt. Wann dir den Examen packt, sidd dir voll ausbilden Tauchinstruktoren an kennt sämtlech Tauchcoursen vun SDI ausbilden.!
Den detailléierten Oflaf fannt dir an den SDI Standarts hei drenner:
Umellung fir des Formatioun
Umellung fir eisen Cours iwwert den QR Code oder den Button hei niewendrun. D’Umellung get definitiv mam Virement + Registratioun/Ofgin vun den Formulairen hei drenner bei ärem Moniteur.
Hei drënner fannt dir Dokumenter dei dir fir dei definitiv Umellung ausgefëllt ärem Moniteur musst ofgin oder eis eranmailen musst: (Mir kennen awer och gären virum 1ten Cour zesummen driwwer kucken an alles durchgoen)
Feedback zu eisen Formatiounen
Op desen Plazen kennt dir eis Feedback zu den Formatiounen ginn, resp. Iech ukucken wei den Feedback vun den Kandidaten virdrun war.