FLASSA Nitrox Diver
TDI Nitrox Diver

Wann dir schonn een Tauchbrevet huet an vill taucht an Dekompressionspausen reduzéieren wëllt oder einfach méi Sécherheet am Tauchen sicht, ass den Nitrox Brevet interessant. Den Brevet man mir wahlweis als CMAS / FLASSA Nitrox oder TDI Basic Nitrox Brevet.

Waat ass Nitrox?

Nitrox = Nitrogen + Oxgen

Beim Basic Nitrox schwätzen mir vun Loft-Steckgemëscher vun 22-39 % Sauerstoff. Dëst huet den Virdeel, dass mir manner Stéckstoff an eiser Otemloft hunn, an doduerch hunn mir eng Partie Virdeeler (méi Nullzeit, manner Palier, méi Sécherheet) awer och eng Partie Nodeeler (Ëmgang mat Sauerstoff (Explosiounsgefor), Intoxikatiounsgefor an limitéiert Déiften. All des Vir an Nodeeler ginn Iech am Theoriecours méi no bruecht an dir leiert wei dir méi sécher Tauchen kennen andeems dir Nitrox benotzt. Nom theoretischen Deel maacht dir dann 2 Tauchgäng mat engem vun eisen Nitroxmoniteuren, wou dir d’Procedure fir een Nitroxtauchgang kennen léiert.


Präis: 80 €

Am Präis ass Nitroxfläschenfellung + Cours abegraff. (wahlweis als E-Learning) Niewend der Theorie macht dir mind. 2 Tauchgäng mat Nitrox, an kennt beim Nitroxfëllen iwwert Scheller kucken an Gemëscher analyseiren.

Payconiq: Brevet Nitrox 1

Umellung fir Nitroxformatioun:

Nimmst du teil?(erforderlich)

Hei drenner d’Reglement vum Nitroxcours:


Feedback zu eisen Formatiounen

Op desen Plazen kennt dir eis Feedback zu den Formatiounen ginn, resp. Iech ukucken wei den Feedback vun den Kandidaten virdrun war.