Brevet CMAS - Nitrox tauchen

Tauchbrevet FLASSA N2 / Advanced Nitrox Diver

Wann dir schonn een Tauchbrevet (mind. P2) an Nitroxbrevet (N1) huet an vill taucht an Dekompressionspausen reduzéieren wëllt an mat Sauerstoffgemescher teschent 22-100% tauchen wellt, dann léiert dir bei dësem Brevet op waat et ukennt!

Dir léiert hei déi verschidden Methoden kennen fir Dekompressioun mat sauerstoffräichen Gemëscher an léiert den Emgang mat Stage, Ponybloc an Dekostationen. Hei gesidd dir och Limiten vun der klassecher Sportsausrüstung an Virdeeler vun enger Wing/Backplate Konfiguration.

Stage Drill

Den N2 Brevet ass den eischten Schrett an Richtung technesch Tauchen. Nodeems dir Theorie vum Nitrox 1 reviséiert hudd machen mir 2 Owender Theorie. Herno üben mir an der Schwämm den Emgang mat Stage, resp. Dekostatiounen. Speider gin des Techniken bei déiwen Tauchgang am Stauséi oder an enger vun der Carrièren an der Groussregioun während mindestens 2 Tauchgäng ugewandt.

Virun den prakteschen Exercicer ass et sennvoll, seng Tareierung mat speziellen Übungen ze iwwerpreifen an ze verbesseren. Beim Dekompressionsstop kennt et drop un stabil am Waasser ze leien an eng fudd Tareirung ze hunn. Et besteet och Meiglechkeet eng Duebelzertifikatioun mam TDI Advanced Nitrox ze kreien.


Prais vum Brevet

Fir desen Brevet ginn et 2 Formulen:

FLASSA N2 / CMAS Advanced Nitrox

Präis: 100 Euro

Gruppencours / 2 Tauchgäng /

Emgang mat Stage / Dekostatioun. (Ausbildung an Sportskonfiguration)

geplangt Abrëll / Mee 2024

Duebelcertificatioun TDI / CMAS

Präis: 200 Euro

Formatioun op Wonsch / Start schon haut méiglech mat E-Learning / mind 4 TG mat 100 Minutten Bottomtime

Emgang mat Stage / technësch Tauchskills / Flossentechnik / Wing / Backplate / D12

Den TDI Advanced Nitrox Cours ass och an Kombinatioun mam Intro To Tech Cours méiglech

Am Präis ass Benotzung vum Gasanalyser. d’Verléinen vun enger Stage (inklusiv Rigging Kit) an Nitroxfläschenfëllungen inklus.

Payconiq: Brevet Nitrox II

Hei drenner dei verschiddenen Reglementer (FLASSA/CMAS/TDI) fir den Advanced Nitrox Cours.


Umellung zu eiser Formatioun:

Nimmst du teil?(erforderlich)


Feedback zu eisen Formatiounen

Op desen Plazen kennt dir eis Feedback zu den Formatiounen ginn, resp. Iech ukucken wei den Feedback vun den Kandidaten virdrun war.