Tauchbrevet FLASSA P3 / CMAS Three Star Diver

Wann dir well méi laang taucht an entweder méi déif tauchen wëllt bis zu 60m oder méi Verantwortung wëllt iwwerhuelen fir Tauchgruppen ze leeden resp. méi onerfueren Tauchen ze encadréieren, dann ass dësen Brevet genee deen richtegen.

Preis: 200 Euro

Bedingungen:     16 Joer al sinn an een gültegt Attest vum Dokter (18 Joer aal sin den Dag vun der Zertifikatioun)

Een CMAS ** Brevet (oder een äquivalenten Brevet) hunn an mindestens 30 Tauchgäng seit dem läschten Brevet absolvéiert hunn.

Oflaf vum Cours:

Theorie an Praxis ginn am Prinzip eemol d’Joer vun eiser Tauchfédération organiséiert. Wann dir un dësem Brevet interesséiert sidd, dann mellt Iech bei engem vun eisen Moniteuren vum Club, dann informéieren mir Iech iwwert déi nächst Sessioun.

Schwämmstraining (all Übungen ginn lues an lues an der Schwämm resp. Fosse geleiert)

Tauchgäng am Stauséi (hei ginn d’Übungen déi mir den Wanter iwwer an der Schwämm/Fosse geleiert hunn ugewannt). Fir verschidden Exercicer ze maachen, bruachen mir 40m, dofir recommandeiren mir Iech un engem Flassa-Stage ze Antibes (F) deelzehuelen. Den Club bidd een Subside vun 100€ fir dei Léit dei sech an deen Stage aschreiwen. Hei léiert ee niewend den Exercicer dei obligatorisch sinn och ganz vill iwwert d’Organisatioun vun esou Tauchstage, Secherheet, Manipulation mam Boot etc…

Sollt des nek méiglech sinn, kennen mir och an enger Carrière an eiser Groussregioun d’Übungen op der entspriechender Déift maachen. (z.B. Carrière Rochefontaine oder Kalksteinbruch Hunsfels)

Den detailléierten Oflaf fannt dir am Reglement Technique.

Fir den theoreteschen Deel ze suivéieren, resp. fir sech well am viraus bësschen eran ze liesen, proposéieren mir des 2 Bicher (een franséischt resp 1 däitscht Buch). D’Buch ass nek am Präis vum Brevet inclus. Dir kennt Iech d’Buch iwwert een vun dësen Linken schonn virum Cours bestellen, oder mellt Iech bei engem vun eisen Moniteuren.

Feedback zu eisen Formatiounen

Op desen Plazen kennt dir eis Feedback zu den Formatiounen ginn, resp. Iech ukucken wei den Feedback vun den Kandidaten virdrun war.