Tauchbrevet FLASSA P4 / CMAS 4 Star Diver

Tauchbrevet FLASSA P4 / CMAS 4 Star Diver

Desen Brevet kann een nek einfach duerch absolveiren vun Coursen an Exercicer kreien. Fir den P4 Brevet ze kreien muss den Taucher een heichen Niveau un Kompetenz erreegt hunn, dozou zielen:

  • Organisation vun Tauchgäng
  • Taucher dirigeiren kennen fir verschidden Arbechten/Projet duchféiren ze kennen
  • den Moniteuren als Assistent zur Sait stoen, an dobei verschidden Übungen oder Coursen iwerhuelen (ennert anerem Schnuppertauchgäng durchféiren)
  • fondéiert theoretisch Kenntnisser an mindestens engem vun desen Beraicher (technesch Tauchen, Nitrox, Kannertauchen, Handicap-Tauchen, Archeologie, Photo, Faune et Flore, Orientatiounstauchen)

Dofir muss den Taucher:

  • seit mind. 3 Joer een P3 Brevet hunn
  • seit 5 Joer der FLASSA ugehéiren
  • mindestens 100 Tauchgäng an den verschiddensten Konditiounen gemeet hunn (Stréimung, Dekotauchgäng, Nuetstauchgäng, Eistauchen an Gezeitentauchgäng). Vun desen Tauchgäng mussen der 50 am Mier, an dovun 25 mei déif wei 20m geweescht sin.
  • een Eischthellefcours hunn

Hei drenner D’Regelement vum P4 vun eiser Fédératioun an ausserdem den Formulaire fir Demande vum Brevet ze man. Wann dir all d’Konditiounen erfëllt scheckt desen Formulaire ausgefëllt un den Präsident vum Club.