
Tauch mat eis – zu Lëtzebuerg an driwwer eraus – mam Sub Aqua Club Wooltz!
Tauch mat eis – zu Lëtzebuerg an driwwer eraus – mam Sub Aqua Club Wiltz!
Zënter 1976 steet eise Club fir qualitativ héichwäerteg Tauchausbildung an eng staark, engagéiert Communautéit zu Lëtzebuerg. Bei eis geet et net nëmmen ëm Coursen – mee ëm däi perséinleche Fortschrëtt als Taucher. Egal ob’s du grad ufänks oder méi wëlls: mir weisen dir deng nächst Schrëtt a begleeden dech mat engem klore System.
Alles fängt mat engem Schnuppertauchgang un:
Du wëlls erausfannen, wéi et ass ënner Waasser ze ootmen? Reservéier dain gratis Schnuppertauchgang elo.

Entdeck deng Méiglechkeeten am Veräin!

Start deng Rees & léier tauchen!
Sammel Erfarung duerch reegelméisseg Tauchgäng.

Geff aktiven Sporttaucher!
Sammel Erfarung a géi mat eis däin nächsten Schrëtt um Wee zum aktiven Sporttaucher!

Erweidert Exploratioun!
Méi déif, méi wäit, Asatz vun technëschem Material an Tauchen Höhlen & Minen.

Leadership & Staff Development!
Deng Passioun an deng Erfahrung mat aneren deelen & nei Taucher inspiréiren:
Mell dech un fir eis Veräinsaktivitéiten!
Vill Veräiner hunn eng laang Geschicht, awer wéineg aktuell Aktivitéit — bei eis ass et anescht. Beim SACW gesäis du et direkt am Kalenner, mir liewen den Tauchsport – mat reegelméissegen Aktivitéiten, wou s du ganz einfach matmaache kanns. Gëff haut nach Member an du kanns dech direkt fir Aktivitéiten umellen. D’Umeldung leeft iwwert eisen internen Beräich – als Member kanns du dir selwer e Login an e Passwuert erauswielen.
Op Social Media kanns du dir een Androck vun eisen Aktivitéiten maachen.
Firwat Member am Veräin ginn?Zesummen tauchen, léieren an als Taucher weiderentwéckelen.
De Sub Aqua Club Wiltz ass méi wéi just en Tauchclub – mir sinn eng engagéiert Taucher-Communautéit mat héichwäerteger Formatioun, technescher Expertise an engem staarken Zesummenhalt innerhalb vum Veäain. Eis Instrukteuren sinn Coachen a Mentoren dei dech op dengem Wee begleeden, nek nemmen während engem Cours. Dest ass een groussen Virdeel vun engem Veräin!
Memberen
Kanner vun 10 – 17 Joer
Erfahrung als Veräin!
Feedback zu eisen Formatiounen

Op desen Platzen kennt dir eis gären Feedback zu den Formatiounen ginn, resp. Iech ukucken waat Kandidaten virun Iech iwwert den Veräin soen!
Frequently askd questions (FAQ)
Besicht eis FAQ Sait wann dir Froen zum Veräin stellen wellt, wei z.B. Wei gin ech Member? oder Weini sin Trainingen? asw.
Du kanns och einfach den Kontaktbutto hei ennen rechts benotzen an deng individuell Fro direkt stellen!