Wëllkom beim Sub Aqua Club Wolz
Eisen Tauchverein Sub Aqua Club Wiltz Asbl gouf 1976 gegrënnt an besteet haut (2024) aus baal 130 aktiven Memberen am Alter zwëschen 9 an 70 Joer. Den Veräin ass affiliéiert un FLASSA (Fédération luxembourgeoise des activités et sports sub-aquatiques) an domat och dem COSL. Mir bilden aus no den Standarts vun FLASSA / CMAS, awer och SDI / TDI an kennen zousätzlich och Sekurismusformatiounen vun DAN (Divers Alert Network Europa) an FRTI (First Response Training International) ubidden
Den Veräin huet sech an sengen Statuten zum Ziel gesat Tauchen an Ennerwaassersportarten, an domat och d’Ënnerwaasserwelt méi bekannt ze maachen an domat och een Beitrag zum Ëmweltschutz ze leeschten. Tauchen ass ee flotten Sport deen jiddwereen no engem medezineschen Check kann ausüben. Eis Moniteuren sinn staatlech unerkannt (ENEPS) respektiv un eng grouss international unerkannten Agence affiliéiert (SDI/TDI/PADI/IANTD/IAC…) an haalen d’Coursen alleguer bénévole of.
Et ass egal op du bei eisen Moniteuren Tauchen wëlls léieren oder well een Brevet bei enger Organisatioun gemaach hues. (PADI, SSI, IAC, IANTD, SDI, TDI, BSAC,….)
Bei eis as jiddereen wellkomm, eis geet et drem zesummen Waasserwelt ze entdecken ouni Verbandsdiskussiounen, durch eis FLASSA/CMAS Affiliatioun an SDI/TDI (WRSCT) kennen mir Iech och déi beschtméiglech Weiderbildungen ubidden.
Wells du och Member ginn oder dech fir een Schnuppertauchgang aschreiwen? Dann klick op een vun desen Buttons an schreiw eis, mir sin wahrscheinlech enner Waasser 😉
Du hues eng kuerz Fro? Dann schreiw eis eng Mail an mir äntweren sou séier wei et méiglech ass! Alternativ kanns du eis och iwwert Facebook kontakteiren.
Dir kennt bei eis den Tauchsport mat ärer ganzer Famill ausüben, sief et bei eis am Veräin oder an äerer Vakanz. Tauchen ass keen Individualsport, bei eis gëtt den Teamgeescht, Kollegialitéit an géigensäitegen Respekt grouss geschriwwen.
Den Sub Aqua Club Wiltz ass een vun 17 Sportsveräiner aus der Gemeng Woltz. Hei fannt dir weider Sportsveräiner aus der Gemeng.
https://www.wiltz.lu/de/lokales-leben/sport-freizeit/clubs-vereine/sports
Mir engagéiren eis dofir och regelméisseg bei lokalen Manifestatiounen.
Waat bidden mir eisen Clubsmemberen un?
- gratis Schnuppertauchen
- Ausbildung no den weltwäit unerkannten Standard vun CMAS (Confédération Mondiale des Activités Subaquatiques), souwei vun SDI-TDI-ERDI-FRTI-PFI an vun DAN (Divers Alert Network)
- Regelméissegen Training iwwert den ganzen Wanter (Training mat Tauchfläsch an och Konditionstraining) an der Schwämm ze Woltz an Koetschette
- Kannertauchen fir Kanner ab 10 Joer
- Jugendtauchen fir eis Jugendlech vun 14 Joer bis 17 Joer
- Regelméisseg Tauchgäng am Stauséi (Lëltz, Ensber, Léifreg, Béiwen…)
- Regelméisseg Tauchgäng an der Groussregion
- Regelméisseg Veraïnsvakanzen
- Iwwert eisen internen Beraich kann een sech fir Aktiviteiten / Training anschréiwen
- Tauchmaterial waat mir eisen Memberen fir Ausbildung zur Verfügung stellen kënnen
- Verainslokal wat mir vun der Gemeng Wooltz gestallt kreien fir den Stockage, Entretien vun eisem Material, Kompressoranlag an zugleich kennen mir hei och eis Theoriecoursen ofhaalen.
- Kompressoranlag fir Pressloft (Bauer Poseidon 250 mat Pufferspeicheranlag) + Nitroxfëllungen (Stickmethode, Partialdrockmethod) + Trimix fir zertifizeiert Taucher
- technësch Tauchen bidden mir och seit 2020 an enger spezieller Sektioun un. Dir kennt och bei eisen Moniteuren eng Basisformatioun am tëchneschen Beraich maachen TDI – Intro to Tech, Advanced Nitrox. An eiser Sektioun vum technëschen Taucher sinn Trimixtaucher an Höhlentaucher aktiv.
- Tauchtheorie als E-Learning fir eis SDI/TDI Formatiounen
- Referral Ausbildung ass mat SDI méiglech. (also bei eis Theorie + Pooltraining maachen, an Freiwaassertauchgäng bei enger vun weltwaiten SDI Tauchbasen)
- Organisatioun vun der Réépreuve vun Tauchfläschen
- Formatiounen am Beraich Sekurismus vun DAN Europe (Oxygen Provider, Basic First Aid, AED,…) an FRTI (First Response Training International)
- Instruktor, Assistant Instructor Ausbildung vun SDI
- Ausbildung vun 1 Hellef Instruktoren iwwert FRTI fir Tauchmoniteuren