Start deng Tauchrees elo – an 2 Etappen.

1. Schnuppertauchen
Hei fenns du raus, op den Tauchsport eppes fir dech ass. Keng Erfarung néideg — mir begleeden dech Schrëtt fir Schrëtt. Schnuppertauchen fënnt an enger Schwämm statt.
Réservatioun Schnuppertauchgang
2. Aschreiwung (Erwuessenen)
Schreiw dech als Clubmember an mell dech fir Ausbildung un, dono kontaktéiert ee Moniteur dech fir Détailler ze beschwätzen. (ab +16 Joer)
Aschreiwung Verain
2. Aschreiwung (Kanner/Jugend)
Kanner a Jungendlech vun 10 bis 16 Joer gin kandgerecht an enger vun eisen 3 Sektiounen an hirem Rythmus zum Taucher ausgebild.
Umellung Kanner a JugendsektiounWei leeft deng eischten Ausbildungetapp of?

1. Kennenléieren
Du mellst dech iwwert eisen Umellungsformulaire (Member gin) un an mir kontaktéieren dech. An engem eischten Gespréich wëllen mir deng Ziler ermëttelen an erklären dir den Oflaf vun eiser Basisformatioun an wéi Verainsliewen funktionéiert. Hei kriss du och all Froen dei nach opstin beäntwert. (Material, Certificat Médical, asw..)

2. Grondlage léieren: Theorie + Pooltraining
Du léiers dei theoretisch Grondlage vum Tauchen, als E-Learning, per Selbststudium an engem Buch oder am Klassensall je no Cours, an du trainéiers als eischt deng praktesch Übungen an enger Schwämm. Du gewënns Vertrauen ënner Waasser an entwéckels deng Fäegkeeten Schrëtt fir Schrëtt an dengem Rythmus. Mir trainéiren an der Schwämm als Basisübungen dei du speider brauchs!

3. Fraiwaassertauchgang am Séi oder enger Karriär
Deng éischt richteg Tauchgäng am Stauséi oder enger Karriär an der Groussregioun. Du mechs mat eisen Instruktoren mind. 5 Tauchgäng wou all Übungen dei an der Schwämm geléiert goufen ennert reeleen Bedingungen am offenen Waasser widerhol gin. Am Stauséi erliefts du deng éischt richteg Taucherfarung an der Natur. Niewend dem Training weisen mir dir och flott Platzen.

4. Zertifzéirung
Wann alleguer dei firgeschriwwen Basis & Secherheetsübungen gudd setzen, dann hues du dir deng Zertifizéierung (SDI an/oder CMAS) verdingt a kriss dain Tauchbrevet vum Instruktor iwwergin.

5. weider Erfarung sammelen
Vun deem Moment un kanns du weltwäit tauchen. Ab desem Moment steet den Verain mat sengen 124 Memberen als potentiell Tauchpartner och prett fir dech weider ze begleeden an méi Erfarung ze sammelen.
Vum éischte Schrëtt am Waasser bis zu dengem éischte richtegen Tauchgang — mir begleeden dech.
Hei fannt dir détailleiert Informatiounen zu eisen Formulen fir Kanner & Jugendlicher an Erwuessenen.

Kanner & Jugend (10–16 Joer)
Spaass, Sécherheet an déi éischt Schrëtt ënner Waasser — ugepasst un Alter a Niveau stin am Fokus vun eiser Kanner & Jugendsektioun mat engem spezifischen Programm je no Alter! Encadréiert gin Kanner durch eis speziell forméiert Instruktoren an Encadrants.

Erwuessener (ab 17 Joer)
Léier tauchen an dengem Rhythmus — vun dengen éischten Flossenschléi bis zu dengem Brevet mat deem du dono weltwait tauchen kanns. Eis Instruktoren begleeden dech durch dei komplett Ausbildung an stin dono mat den aneren erfuerenen Taucher aus dem Verain un denger Sait.
Du wees waats du wells? Dann mell dech direkt un fir een Cours.
Umellung fir Formatiounen geet just iwwert een vun eisen Instruktoren, déi mat dir an engem perseinlechen Gespreich d’Formatiounsdauer an den Oflaf mat dir plangen kennen.
Zougang exklusiv fir Veräinsmemberen. Gëff Member an schwätz mat engem vun eisen Instruktoren iwwert deng Pläng.
Wou fënnt d’Ausbildung am Fraiwaasser statt?
All eis Formatioune fannen op dëse Plazen statt — du léiers also direkt an realen Konditiounen. Op der Kaart gesäis du:
✔️ Entréeën an de Stauséi
✔️ Parkméiglechkeeten
✔️ Trainingsplazen
✔️ interessant Tauchspots
Wei geet et weider no der Grondausbildung?

Erfahrung sammelen
No dengem éischte Brevet geet et drëms, Routine opzebauen:
reegelméisseg mattauchen am Club
verschidde Konditiounen entdecken (Séi, verschidden Tauchplatzen lokal an an der Vakanz)
Zil: du solls een selbstséicheren an entspaanten Taucher gin

Milestone: 25 Tauchgäng
Mat 25 Tauchgäng steet dir den Wee zum nächsten Brevet op. zb fir:
– Advanced Open Water Diver
– CMAS 2 Star Diver

Fann dain Wee:
Du fënns bannent dem 1 Joer normalerweis eraus op du eischter just während den Vakanzen an ab und zu am Summer tauchen wells, oder ob du Sporttaucher ges deen ganzt Joer aktiv ass, an regelméisseg Taucht. Dat asoch den Moment wou du ufänks lues and lues dein eischten Material ze kaafen.
Feedback zu eisen Formatiounen

Op desen Platzen kennt dir eis gären Feedback zu den Formatiounen ginn, resp. Iech ukucken waat Kandidaten virun Iech iwwert den Verain soen!
Frequently askd questions (FAQ)
Besicht eis FAQ Sait wann dir Froen zum Verain stellen wellt, wei z.B. Wei gin ech Member? oder Weini sin Trainingen? asw.
Du kanns och einfach den Kontaktbutto hei ennen rechts benotzen an deng individuell Fro direkt stellen!