Cotisation 2026-27
all aktiven Taucher
Taucher
Entrée Schwämm an Schwämmstrainingen
Participatioun un Aktivitéiten (ausser Entréepraisser)
Entrée fir Training an der Fosse
Lizenz Flassa
Fläschenfellen um Clubskompressor
Zougang zu Nitroxfëllungen (Opprais)
Zougang zur Tauchschoul
gratis Refresh fir tréi Memberen
gratis 1. Hëllef Refresh
Familljentarif
2ten Member aus enger Famill & Kanner
Entrée Schwämm an Schwämmstrainingen
Participatioun un Aktivitéiten (ausser Entréepraisser)
Entrée fir Training an der Fosse
Lizenz Flassa
Fläschenfellen um Clubskompressor
Zougang zu Nitroxfëllungen (Opprais)
Zougang zur Tauchschoul
gratis Refresh fir tréi Memberen
gratis 1. Hëllef Refresh
Flossenschwemmer ouni Lizenz an Eirenmemberen.
Schwemmer & Snorchler / Eirenmember
Entrée vun der Schwämm an Schwämmstrainingen
Participatioun bei den verschiddenen Aktivitéiten (Non-Diving)
Zougang zu all eisen Non-Diving Formatiounen (Kompressor, Fellen, 1. Hellef, Schnorchelcoursen, asw)
gratis 1. Hëllef Refresh
IBAN LU54 0099 7800 0118 1650
Banque Raiffeisen (BIC : CCRALULL)
Sub Aqua Wiltz ASBL Siège: L-9518 WILTZ, 49, route d’Erpeldange

Eis Formatiounen baséieren op bénévolem Engagement! Mir sinn kee klassesche DiveCenter, mee e Veräin, eng Communautéit.
Eis Instruktoren investéieren Zäit an Expertise – bénévole –, an dowéinst kënne mir dir flexibel a reduzéiert Präisser ubidden, well dës Präisser nëmme existéieren, well aner sech engagéieren; als Verainsmember profitéiers du dovun duerch niddreg Käschten, flexibelen Training an eng perséinlech Betreiung, an och wann Engagement keng Pflicht ass mee eng Haltung, bleift et fair, wanns du dovun profitéiers, och eppes zeréck ze ginn an dech fir de Veräin do anzebréngen, wous du et mat dengem Moyen kanns.
Mir hunn och Vergläichspräisser (VIP = Marchépraisser) dobäigesat, fir den Ënnerscheed kloer ze weisen, an du entscheeds selwer ob du léiwer just e Cours mechs oder de Veräin aktiv ënnerstëtzt. All eis Memberen kennen zudem duerch Engagement hir Cotisatioun an Brevet-Präisser reduzéiere, iwwert e Valorisatiounssystem fir bénévolt Engagement, wou Engagement net nëmmen geschätzt gëtt mee och konkret eng Valeur kritt. Du entscheeds also!

|
Cours |
Veräinspräis |
Premium |
VIP |
|
Scuba Discovery |
gratis Schwämm |
50 € am Stauséi inkl. Material |
100 € am Stauséi inkl. Material |
|
Indoor Diver * |
250 € |
300 € |
300 € |
|
Open Water Diver* |
350 € |
450 € |
600 € |
|
One Star Diver * |
350 € |
450 € |
600 € |
|
Junior Diver * |
100 € |
300 € |
450 € |
|
Cours |
Veräinspräis |
Premium |
VIP |
|
Two Star Diver |
300 € |
450 € |
600 € |
|
Advanced Open Water Diver |
350 € |
450 € |
600 € |
|
Specialty Training |
80 € |
120 € |
180 € |
|
Solo, Wreck & Sidemount, DPV |
200 € |
300 € |
500 € |
|
Junior Diver |
100 € |
300 € |
450 € |
|
Rescue Diver |
250 € |
300 € |
400 € |
|
Cours |
Veräinspräis |
Premium |
VIP |
|
Technical Diver (3er Kombi Cours) |
700 € |
800 € |
200 € / Dag |
|
Advanced Nitrox |
200 € |
300 € |
200 € / Dag |
|
Intro To Tech |
350 € |
450 € |
200 € / Dag |
|
Decompression Procedures |
350 € |
450 € |
200 € / Dag |
|
Extended Range (56m) |
350 € |
450 € |
200 € / Dag |
|
Gasblender Suite Nitrox & Trimix / Booster / Airfillsatation / VIP |
300 € |
450 € |
200 € / Dag |
|
Cours |
Veräinspräis |
Premium |
VIP |
|
Three Star Diver |
300 € |
// |
// |
|
Divemaster |
300 € |
500 € |
800 € |
|
Assistant Instructor |
400 € |
600 € |
800 € |
|
Instructor (IDC) |
1150 € |
1800 € |
2500 € |
|
Crossover Instructeur |
300 € |
500 € |
800 € |
|
Instructor Specialty or Tech Instructor |
op Ufro! |
op Ufro! |
200 € / Dag |
.
* Cotisatioun ass an den Ufängercoursen inclus
👉 Dës Lëscht weist just ee Brochdeel vun eisen Coursen. Net all Formatiounen sinn hei opgelëscht, an Kombinatioune sinn ëmmer méiglech.
👉 Mir setzen dir den Cours zesummen, perséinlech ofgestëmmt op deng Ziler, däin Niveau an deng Disponibilitéit.
👉 D’Präisser déngen als Orientéierung – déi definitiv Propose kläers du zesumme mat engem vun eisen Instruktoren.
All Formatiounen hei drenner sin méiglech, frot bei engem Instruktor fir Iech ze informéiren an ze orientéiren.
Du wees wei een Cours du wells? Dann mell dech direkt un fir een Cours.
Umellung fir Formatiounen geet just iwwert een vun eisen Instruktoren, déi mat dir an engem perseinlechen Gespreich d’Formatiounsdauer an den Oflaf mat dir plangen kennen.
Zougang exklusiv fir Veräinsmemberen. Gëff Member an schwätz mat engem vun eisen Instruktoren iwwert deng Pläng an du kriss ee passenden Parcours!.
Feedback zu eisen Formatiounen

Op desen Platzen kennt dir eis gären Feedback zu den Formatiounen ginn, resp. Iech ukucken waat Kandidaten virun Iech iwwert den Verain soen!
Frequently askd questions (FAQ)
Besicht eis FAQ Sait wann dir Froen zum Verain stellen wellt, wei z.B. Wei gin ech Member? oder Weini sin Trainingen? asw.
Du kanns och einfach den Kontaktbutto hei ennen rechts benotzen an deng individuell Fro direkt stellen!




