Basisausbildung besteet aus 3 obligatoreschen Module

Intro to Tech (obligatorisch)
Du léiers d’Grondlage vum techneschen Tauchen, Konfiguratioun, Trimm an Teamprozesser..

Advanced Nitrox (obligatorisch)
Du léiers mat sauerstoffräicherter Loft (bis 100% O₂) ze schaffen an deng Tauchgäng optimal virzebereeden.

Decompression Procedures (obligatorisch)
Du léiers geplangte Dekompressiounstauchgäng sécher ze plangen an duerchzeféieren..
Modular Weiderbildung innerhalb vun eisem Team!

Extended Range
Du léiers méi déif Tauchgäng ze plangen an duerchzeféieren, mat Dekompressioun, Stagefläschen an erweidertem Gasmanagement.

Helitrox
Du léiers einfach Helium-baséiert Gasgemëscher ze benotzen, fir Narkose ze reduzéieren an deng Tauchgäng méi komfortabel (manner Gasdichte) a méi sécher ze maachen.

Trimix
Du léiers mat Trimix ze tauchen, deng Gasgemëscher optimal unzepassen an och grouss Déiften kontrolléiert a sécher ze meeschteren.

Technical DPV
Du léiers en DPV am techneschen Tauchen effizient ze benotzen, deng Tauchgäng domat ze plangen an och bei längeren Distanzen Kontroll a Sécherheet ze behalen.

Advanced Wreck
Du léiers méi komplex Wracktauchen ze plangen an duerchzeféieren, inklusiv Penetratioun, Guideline-Notzung, Navigatioun am Wrack an sécherem Teamwork.

Gasblender & Boosteroperator
Du léiers Gasgemëscher selwer ze analyséieren an ze blendéieren, fir Nitrox an Trimix sécher an präzis hierzestellen.

Cavern Discovery
Du léiers d’Grondlage vum Tauchen an Iwwerhuelraim kennen, d’Risiken ze verstoen an dech sécher an der Liichtzon vun enger Höhle ze beweegen – ënner direkter Opsiicht vun engem Instruktor. Desen Cours erlabt dir ze kucken op den Overheadbereich eppes fir dech ass.
Weiderbildung mat eisem Partner Neotec

Advanced Trimix
Du léiers och bei grousse Déiften mat Trimix ze tauchen, deng Gasgemëscher präzis unzepassen an komplex Tauchgäng sécher a kontrolléiert ze plangen an duerchzeféieren.

CCR Training
Du léiers mat engem Rebreather (CCR) ze tauchen, deng Gasversuergung ze kontrolléieren an deng Tauchgäng effizient a roueg ze managen.

Cavern
Du léiers an der Liichtzon vun Höhlen mat Guideline ze tauchen, deng Positioun ze halen an ëmmer en direkten Ausgang ze garantéieren.

Intro to Cave
Du léiers déi éischt Schrëtt ausserhalb vun der Liichtzon, mat Fokus op Navigatioun, Teamwork an strikt Prozeduren am Overhead-Ëmfeld.

Full Cave
Du léiers komplex Cave-Tauchgäng mat multiple Guidelinen ze plangen an duerchzeféieren, inklusiv Navigatioun, Gasmanagement a Problemléisung.

Mine Diver Level 1/2
Du léiers an ënnerierdesche Minen mat einfache Strukturen ze tauchen, mat Fokus op Sécherheet, Orientéierung an Teamprozesser.

TDI Tech Instructor
Du bass well Instructor an wells technëschen Intructor gin? Du starts am Grondcours Nitroxinstruktor, an vun do un kanns du modular deng Instruktorausbildung an Etappen weiderféiren.
TDI Technical Diver – Deng Basis als technëschen TaucherDeng Transitioun vum Sporttaucher zum technëschen Taucher!
Mell dech elo un?
Umellung fir des Formation geet weil all eis Formationen mat engem perseinlechen Gespreich mat engem vun eisen Tech Instruktoren wou mir d’Formatiounsdauer an den Oflaf mat dir plangen kennen.
Zougang exklusiv fir Veräinsmemberen. Gëff Member an schwätz mat engem vun eisen Instruktoren iwwert deng Pläng.
Wei geet et weider?

Technical Leadership
Hues du als Tech Taucher Erfarung gesammelt a wëlls nach e Schratt méi wäit goen?
Du kanns dech intern bei eis weiderbilden vum TDI Technical Divemaster bis zum technischen Instructor. Durch aktiv Matarbecht (Internship) kennen mir dir och Formatiounen fir Gasblender, BoosterOperator, Oxygen Service ubidden.
Hei eng Lescht vun Partnertauchbutteker aus eiser Region:

51 Rue des Trois Cantons,
L-3961 Reckange-sur-Mess

Hubertus-von-Nell Str. 10
D-66706 Perl
Feedback zu eisen Formatiounen

Op desen Platzen kennt dir eis gären Feedback zu den Formatiounen ginn, resp. Iech ukucken waat Kandidaten virun Iech iwwert den Verain soen!
Frequently askd questions (FAQ)
Besicht eis FAQ Sait wann dir Froen zum Verain stellen wellt, wei z.B. Wei gin ech Member? oder Weini sin Trainingen? asw.
Du kanns och einfach den Kontaktbutto hei ennen rechts benotzen an deng individuell Fro direkt stellen!