Eise Kanner & Jugendprogramm ass speziell fir jonk Taucher entwéckelt. Am Gegensatz zum Erwuessentraining gëtt Theorie durch praktesch Experimenter an selwer Erlwiewen vermettelt. Den Spaass därf hei nek ze kuerz kommen an mir bauen Spille an Teambewosstsein an fir dass Kanner altersgerecht, lues a strukturéiert d’Basiswessen aus dem Taucher vermettelt kreien.
Dir wesst schon Bescheed? Dann direkt hei Umellen.
Umellung fir des Formation geet just iwwert een vun eisen Kanner Instruktoren, déi mat Iech an ärem Kand an engem perseinlechen Gespreich d’Formatiounsdauer an den Oflaf mat Iech plangen kennen.
Wou trainéiren mir?

Schwämm Koetschette
Dasdegs: 1800 – 1930 Auer

Coque
3 x Joer reservéiren mir Fosse (bis zu 15m déif)

Stauséi (BNL)
Den Summer iwwer trainéiren mir um Stauséi op der Base Nautique ze Lëltz.
Eis verschidden Gruppen fir Kanner & Jugendtauchen
Dir fannt alleguer eis Kannertrainingen an eisem internen Kalenner an der Rubrik Kannertauchen. Fir Saison 2025/26 sinn am ganzen folgend Trainingen fir eis Gruppen geplangt:
Training an der Schwämm ze Kietscht (rdv 1800 Auer beim Bassin fir Opriichten an Briefing, (Bassin 1830-1930)

Ufängergrupp (10-12 Joer)
- 23.09.2025
- 14.10.2025
- 11.11.2025
- 02.12.2025
- 06.01.2026
- 27.01.2026
- 24.02.2026
- 17.03.2026
- 21.04.2026
- 12.05.2026
Meederchersgrupp (11-16 Joer)
- 30.09
- 21.10
- 18.11
- 09.12
- 13.01
- 03.02
- 03.03
- 24.03
- 28.04
Jungengrupp (11-16 Joer)
- 07.10
- 28.10
- 25.11
- 16.12
- 20.01
- 10.02
- 10.03
- 14.04
- 05.05
Training an der Fosse (Coque Kirchberg, Lëtzebuerg Stadt): (sous réserve, Daten gin September bestätegt)

Ufängergrupp (10-12 Joer)
- 17.04?
- 19.05
Meederchersgrupp (11-16 Joer)
- 16.12
- 03.02
- 17.03
Jungengrupp (11-16 Joer)
- 30.09
- 03.02
- 17.03
Tauchen am Stauséi: (gin am Freijoer nach bestätegt, Kanner mussen verschidden Grondübungen beherschen fir des Aktivitéit an Secherheet ze maachen)

Ufängergrupp (10-12 Joer)
- 11.07 (Family BBQ)
Meederchersgrupp (11-16 Joer)
- 02.06
- 16.06
- 11.07 (Family BBQ)
- 14.07
- 04.08
- 25.08
- 08.09 (Ofschloss BBQ)
Jungengrupp (11-16 Joer)
- 09.06
- 30.06
- 11.07 (Family BBQ)
- 21.07
- 11.08
- 01.09
- 08.09 (Ofschloss BBQ)
Des Datumen gin nach confirméiert.
Prais
- Cotisatioun Club 100 € / Joer
- Zertifikatonskäschten (1 Brevet / Joer) inklus
- + dobei kommen eventuell zousèätzlech Fraise fir Aktivitéiten (Entrée, Deplacementer, …)
- All Aktivitéiten ginn vun eisen benevollen Moniteuren / Encadrants organiséiert.
Firwaat Kannertauchen?
- Sport an Beweegung fir jiddereen (no kuerzem Checkup beim Dokter)
- d’Gefill vun der Schwerelosigkeet léieren
- d’Kanner léieren d’Ënnerwaasserwelt kennen
- Stäerkung vum Selbstbewosstsinn, Eegeverantwortung iwwerhuelen an Verantwortung fir anerer aus dem Grupp
- sech un Reegelen halen léieren
- Gruppendynamik ouni Leeschtungsdrock
- sech an engem Grupp integréieren
- ee Sport ouni Kompetiounsdrock ausüben
- sportlech aktiv sinn
- een Hobby deen een an der ganzen Famill ausüben kann, mat der Mamm oder dem Papp speider tauchen goen
- einfach relax oftauchen an d’Rouh ennerwasser genéissen an den Alldag hannert sech loossen
- flott Aktivitéiten nondrem Tauchen an Waassersport
Waat sin d’Konditiounen?
Kanner vun 10 Joer un kennen sech an eisem Kannertauchgrupp aschreiwen.
d’Aschreiwung gëtt no engem Schnuppertauchgang mat engem erfuerenen Moniteur, zesummen mat den Elteren an mam Kand gemaach. Wann d’Kand Tauchen well, fëllt den Moniteur zesummen mat den Elteren een „Aschreiwungsdossier“ aus, deen aus folgenden Dokumenter besteet:
- Aide-mémoire fir d’Elteren (Resumé vun den Risiken beim Tauchen an Consignen)
- Umeldungsformulaire vum Kand
- eng „Autorisation parentale“
- Demande d’accord parentale quant au droit à l’image de l’enfant
- Certificat médical du médecin/pédiatre de référence
- Certificat médical d’un médecin ORL (bei der eischter Inscription Kanner vun 10-13 Joer inclus)
- Les contre-indications à la plongée sous-marine
Waat brauch mein Kand vun Material?
Den Veräin kann fir den Schnuppertauchgang dat komplett Material zur Verfügung stellen. Wann d’Kand sech ageschriwwen huet recommandéieren mir aus Hygienesgrënne, genee wei bei den Erwuessenen als éischt d’Uschafung vun engem ABC-Set (Schnorchel, Brëll, Mask). Wichteg hei ass, dass den Taucherbrëll an den Schnorchel un d’Kand ugepasst sinn. Den Schnorchel däerf nek ze laang sinn an den Brëll muss gutt setzen an Kand muss un Nues kommen fir den Drockausgläich ze maachen. Hei sin d’Adresse vun den Tauchgeschäfter aus eiser Regioun. Froot op all Platz op dir als Member vum Sub Aqua Club Woltz Prozenter kennt kreien:
Kannertraining

Fun
Bei den Kanner steet Spaass um Tauchen un eischter Stell. Sie léiren alleguer d’Basisübungen a spillerichscher Form

Tauchtheorie
D’Kanner hun keen klassechen Theoriecours mee léiren Basics vum Tauchsport enner Form vun Experimenter an Erliewen.

Gruppendynamik
D’Kanner schaffen an 3 Sektiounen, Ufänger, Meedercher vun 12-16 Joer an Jongen vun 12-16 Joer.

Fosse
Mir trainéiren 2-3 Joer an der Fosse um Kirchberg.

Schnuppertauchen
Mir organiséiren och regelméisseg Schnuppertauchen fir Cyclen 4.1 an 4.2 an den Schoulen.

Kannerinstruktoren
Eis Instruktoren an Encadrant hun eng speziell Kannertauchformatioun ofgeschloss.

Stauséi
Ab 12 Joer huelen mir d’Kanner mat an den Stauséi fir hinnen d’Fesch an d’Ennerwaasserwelt um Séi mei no brengen.

Flossenschwammen / Apnoe
Niewend dem Fläschentauchen léiren sie Technike vum Schnorchelen, Apnoe an Flossenschwammen.

Ausflich
1-2 x Joer machen mir mat eisen Sektiounen een Ausflich, hei ZB am Todi an der Belge

Kannertauchmaterial
Den Verain huet 10 komplett Kannerequipmenter dei modern sin an um neisten Stand vun der Technik.

Locatiounsmaterial
D’Kanner kennen vun eis vum Kapp bis Fouss agekleed gin. Locatioun ass an der Cotisatioun inclus, Mir wellen den Tauchsport sou accessible wei méiglech fir eis Jugend haalen. Mir finanzeiren d’material iwwert eis Grillowender and Krëschtmäert an sin frou fir all Hellef an Ennersteztung vun den Elteren an den aneren Verainsmemberen.

Perséinlech Entwecklung
Durch Meeschteren vun den verschiddenen Übungen enner Waasser gewannen d’Kanner lues a lues un Selbstvertrauen.
Feedback zu eisen Formatiounen

Op desen Platzen kennt dir eis gären Feedback zu den Formatiounen ginn, resp. Iech ukucken waat Kandidaten virun Iech iwwert den Verain soen!
Frequently askd questions (FAQ)
Besicht eis FAQ Sait wann dir Froen zum Verain stellen wellt, wei z.B. Wei gin ech Member? oder Weini sin Trainingen? asw.
Du kanns och einfach den Kontaktbutto hei ennen rechts benotzen an deng individuell Fro direkt stellen!


