🩺 Certificat Médical & Lizenz – Wat muss ech maachen?
Certificat Médical
Op den Basen am Ausland muss all Taucher een aktuellen (<12 Meint) Certificat Médical hunn.
Du fënns den Certificat Médical hei drenner:
– Certificat Médical (Adulte, >14 Joer)
– Dossier Plongée Enfant (10-13 Joër incl)
Medizinischen Check
Tauchen stellt besonnesch Ufuerderungen un de Kierper. Dofir ass eng reegelméisseg medezinesch Kontroll obligatoresch. Schwätzt mat ärem Dokter, insbesonnech bei:
– Asthma / Otemweeginfektiounen
– Häerz & Kreeslaafkrankheeten
– Ouerprobleemer
– rezent Operatioun (erheichten Risiko vun Dekompressionsaccident)
Assurance
Aktivitéiten am Verain sin just mat obligatorischer Lizenz ofgesechert. Dir kennt nemmen un Aktivitéiten Deel huelen, wann der een gültgen Certificat Médical erangin hudd. Ofgedeckt sin dodurch;
– Accident & Haftpflicht
– juristesch Protection
– medezinesch Käschten
👉 Méi Info: FLASSA.lu
Offiziellt Dokument vun der Flassa
Passt w.e.g. drop op, dass all Donnéeën um Formulaire komplett a korrekt ausgefëllt sinn, zB: Donnéeë vun iech, Är Ënnerschrëft, Dokter Ënnerschrëft an Datum). D’FLASSA kontrolléiert dat ganz genee a refuséiert onvollstänneg Demanden.
Deadline fir eranzegin
Dir kennt ären Certificat ab dem 15.09 beim Dokter ernéieren an musst en bis spéitstens den 31.12 ofginn well dann Lizenz ofleeft bis eng nei ausgestallt gëtt (Délai: 1–3 Wochen).
Schéckt de Scan / Foto un: [email protected]
Lizenz Flassa
Du kriss deng Lizenz wann:
– Certificat ofginn ass &
– Cotisatioun bezuelt ass
D’Lizenz ass obligatoresch fir
Trainingen, Tauchgäng an Formatioun innerhalb vum Verain.
Kanner vun 10-13 Joer
– Certificat Medical all 12 Méint
– Certificat vum ORL bei der 1ter Inscriptioun
Adulten 18-45 Joer
– Certificat Medical all 24 Meint fir Lizenz
– Den Club freet een C.M vun <12 Méinnt fir Participation un enger Formatioun.
Service Medico Sportif
Wosst Dir schonn, datt Dir ee (gratis) Rendez-vous fir Äre 𝗖𝗼𝗻𝘁𝗿𝗼̂𝗹𝗲 𝗺𝗲́𝗱𝗶𝗰𝗼-𝘀𝗽𝗼𝗿𝘁𝗶𝗳 och iwwer MyGuichet.lu ausmaache kënnt ?
Rendez-Vous huelen
Tauchversecherung
Mir roden alleguer eisen Taucher eng zousätzlech Assurance bei enger vun den groussen Tauchassurancen ofzeschléissen, virun allem dann wann dir vill am Ausland taucht.
Mir hunn iwwert eisen DAN Instruktor (#7601987 MARGREVE Alain) een Partenariat mat DAN, wou mir Bonuspunkten sammelen kennen fir mei bëlleg Student Kits oder Formatiounsmaterial ze kaafen. Bass du ewëll Member vun DAN oder wëlls du deng Memberschaft ernéieren? Dann mach daat iwwert dësen Link, an den Club kann dovun profitéirenan fir dech Formatiounen mei belleg ofhaalen:
Feedback zu eisen Formatiounen

Op desen Platzen kennt dir eis gären Feedback zu den Formatiounen ginn, resp. Iech ukucken waat Kandidaten virun Iech iwwert den Verain soen!
Frequently askd questions (FAQ)
Besicht eis FAQ Sait wann dir Froen zum Verain stellen wellt, wei z.B. Wei gin ech Member? oder Weini sin Trainingen? asw.
Du kanns och einfach den Kontaktbutto hei ennen rechts benotzen an deng individuell Fro direkt stellen!

