Project Baseline ass eng Initiativ vun Global Underwater Explorers, déi d’Zil huet, den Zoustand vu Gewässer weltwäit ze dokumentéieren. Mir hun eis am Mai 2024 am Project Baseline affiliéiert an ee Projet am/um/nondrem den Stauséi lancéiert fir hei wichteg Donnée ze erfaassen an ze dokumentéiren. Mir schaffen aktuell mat Partner och un weider Projet (national/international).
Ziel vum Project Baseline (Weltwait)
- Zilsetzung: D’Haaptzil vum Project Baseline ass et, eng detailléiert an laangfristeg Datebank iwwer d’ökologesch Konditioune vunm Ënnerwaasserëmfeld ze schafen. Dëst soll hëllefen, Ännerungen am Laf vun der Zäit ze verfollegen an op Ëmweltproblemer opmierksam ze maachen.
- Fräiwëlleger: De Projet setzt op d’Zesummenaarbecht vu Fräiwëlleger, besonnesch vun Taucher an aneren Ënnerwaasser-Enthusiaster, fir Daten ze sammelen. Dës Fräiwëlleger dokumentéieren d’Konditiounen a verschiddene Gewässer, dorënner Séien, Flëss, Mierer an Ozeaner
- Datenarten: Daten ëmfaassen Fotoen, Videoen, Waasserprouwen an aner Miessunge wéi Temperatur, Siichtwäit, an chemësch Zesummesetzungen. Dës Date ginn an enger zentraler Datebank gespäichert an sinn ëffentlech zougänglech.
- Global Reechwäit: Project Baseline huet weltwäit Reechwäit, mat ville lokale Projete, déi a verschiddene Regiounen a Gewässer duerchgefouert ginn. Dëst erméiglecht en ëmfaassend Iwwerbléck iwwer den Zoustand vun den Ënnerwaasserëmfeld weltwäit.
- Partnerschaften: De Projet schafft mat wëssenschaftlechen Institutiounen, Ëmweltschutzorganisatiounen a lokale Gemeinschaften zesummen, fir déi gesammelte Date ze notzen an Erhalungsmoossnamen ze fërderen.
- Technologie: Nieft manuelle Beobachtungen a Prouwenahmen notzt Project Baseline modern Technologien, dorënner Ënnerwaasserdronen a spezialiséiert Miessinstrumenter, fir méi genee an ëmfaassend Date ze sammelen.
- Zesummenarbecht mat lokalen Autoritéiten
Eckdaten vum Project Baseline
- 114 teams
- 46 countries
- 25 Teams Collaborating with other groups
- 1350 Stations monitored
Project Baseline – Upper Sure Lake
Waat maachen mir elo konkret?
- Sammelen vun Donneen (Sichtwaitenbestemmung mat Secchi Disk, Temperatur an Deift enregistréiren) Hei drenner poar Fotoen wei et an der Praxis ausgesait.
Wou kann een Datenbank vum Project – Baseline opruffen?
Iwwert desen Link kann een Donneen vun eisem Projet, an vun den Projet weltwait consultéiren.
Donneen gin vun eisem Projectmanager (1x Mount) u GUE-Project Baseline iwwermëttelt, Wann dir matmaache wëllt, fëllt Donneen an dësem Formulaire aus, oder schéckt déi selwecht Infoen an eise Whatsappgrupp. Du bass nek bei eis am Veräin a wëlls awer hëllefen, da mell dech iwwert de Kontaktformulaire, da setze mir dech an eisem Project Baseline Whatsappgrupp bei.
Frequently asked questions (FAQ)
Besicht eis FAQ Sait wann dir Froen zum Verain stellen wellt, wei z.B. Wei gin ech Member? oder Weini sin Trainingen? asw.
Hei ass den Link