d’Clubliewen beim Sub Aqua Club Wooltz

Training
regelméissen Training an der Schwämm an dobaussen

Communautéit
Iwwer 120 aktiv Memberen.

Aktiv Verainsliewen
Durch Participatioun un lokalen Fester kennen mir Acquisition vun Material fir eis Jugend an Kanner an och Erwuessener finanzéiren.

Tauchschoul
7 Instruktoren &
Erfueren Taucher, déi dech begleeden

Fir Jiddereen
🟢 Ufänger → Start deng Tauchrees
🔵 Sporttaucher → Sammel Erfahrung
⚙️ Technical Diver → Géi méi wäit
🎓 Leader → Gëff Deel vum Team
Bei eis fënns du däi Wee am Tauchen

Kanner a Jugendgrupp
Zanter 2018 besteet een festen Kanner a Jugendgrupp an eisem Verain, deen aktuell an 3 Sektiounen iwwert 30 Kanner a Jugendlicher encadréiert.

Léiren durch Praxis
Bei eis get et:
net nëmmen Theorie
net nëmmen Coursen Mir maachen reell Tauchgäng, Erfahrung am Team, a setzen op
kontinuéierlech Entwécklung

Fellstatioun
Eis Fëllstatioun besteet aus 2 Kompressoren, 3 × 80 L Puffer, engem Nitrox-Stick an engem Booster fir Nitrox, Sauerstoff an Trimix. Bis zu 10 Fläsche kënnen parallel mat Pressloft gefëllt ginn, plus 1 iwwer Booster.

Clublokal
Mir hun ee Verainslokal fir den Stockage vun eisem Material an mir kennen do och Theoriecoursen ofhalen an sin beschtens équipéiert mat LCD TV, vill pädagogischem Material fir modern Coursen ofzehaalen.

Modernt Material
Tauchfläschen: 5 / 7 / 10 / 12 / 15ltr
Stagefläschen: S040, 7ltr an S080 fir Sauerstoffgemëscher (mat Rigging Kit)
Tauchwesten (BCD): vun Scubapro / Mares / Aqualung
Wingsets: vun XDEEP (en commande)
Detendeuren: Tecline, Scubapro, Aqualung, Apeks,
Neoprenkostümer, Botillon, Händchen, Cagoulen
10 komplett Kannerqeuipementer

Mine & Cavediving Team
Mir organiséiren regelméisseg Tauchäng an Minen an Höhlen am Ausland.

Tech Team
Eis technesch Equipe trainéiert regelméisseg am Ausland. Jiddfereen mat engem technëschen Brevet därf Member am Team ginn, an mat eis trainéiren.

Schnuppertauchen
Mir maachen all Joer bei der Nuit du Sport mat wou mir ze Woltz an ze Koetschette Schnuppertauchen ubidden. Doniewend organiséiren mir 2-3 x Joër gratis Sessiounen fir Kanner & Erwuessener. Eis Schnuppertauchen sin inklusiv, also fir JIDDEREEN!

Schoultauchen
Mir organiséiren regelméisseg Schnuppertauchen an verschiddenen Schoulen (Primärschoul Cycle 4.1 an 4.2) respektiv verschidden Lycée. Bei Interesse mellt iech, vu dat all eis Instruktoren bénévole schaffen, hängt et emmer dovun of op mir kennen Congé froen oder nek.

Secherheet – 1 Hellef Coursen
Mir setzen ee starken Fokus op Secherheet, 1. Hellef, Rettungszenarion an trainéiren des regelméisseg. Eis Instruktoren an Encadrants bilden sech och regelméisseg weider.

Indoordiving
Am Wanter organiséiren mir regelméisseg Sortien an Indoortauchnzentren an der Emgeigend. (Monte Mare, Dive 4 Life, Todi, Nemo…)

Tauchweekender
Regelméisseg organiséiren mti Tauchweekender: Hemmor, See Im Berg, BeDive, Zeeland, Arenzano.

Tauchvakanzen
Regelméisseg organiséiren mir och Tauchvakanzen, bis elo am 2 Joeresrythmus. Eis Vakanzen waren schon: Gozo, Ägypten, Spuenien, Italien, Schottland.

Rettungsschwammen
Mir organiseiren regelméisseg FLNS Lifesaver Brevet fir eis Encadrants ze forméiren. Ab 2026 kennen mir des Formatiounen och intern am Verain maachen.

technësch Ausbildung
vun Mëschgastauchen, Caverntauchen bis zum Asatz vun Scooter (DPV) kennen mir eng onvergleichbar Offer un Formatiounen innerhalb vum Verain ubidden.

Inklusiven Verain
Mir kennen jiddereen mat engem Handicap am Verain dei selwecht Offer un Formatiounen bidden. Dest ass méiglech durch den SDI Scubility Programm an eis speziell forméiert Moniteuren.
Social Media – Follow usBleif um letzten Stand vun eisen Aktivitéiten op Social Media!
Waat sin eis nächsten Aktivitéiten?
Fir dech unemellen gei am Menü op intern an logg dech am internen Bereich an.
Mell dech elo un!
Feedback zu eisen Formatiounen

Op desen Platzen kennt dir eis gären Feedback zu den Formatiounen ginn, resp. Iech ukucken waat Kandidaten virun Iech iwwert den Verain soen!
Frequently askd questions (FAQ)
Besicht eis FAQ Sait wann dir Froen zum Verain stellen wellt, wei z.B. Wei gin ech Member? oder Weini sin Trainingen? asw.
Du kanns och einfach den Kontaktbutto hei ennen rechts benotzen an deng individuell Fro direkt stellen!