Beim Sub Aqua Club Woltz hält d’Formatioun net nom éischten Brevet op. Mir bidden e kloert a progressivt Konzept un, mat deem jidderee kann ufänken, sech weiderentwéckelen, Erfahrung sammelen an – wann e wëll – a Richtung Encadrement oder technëscht Tauche goen.

Hei fannt dir dei eenzel Formatiounen am Detail. Eis Praisser sin fir aktiv am engagéiert Clubmemberen, dei kritt dir bei Umellung am Verain.
Tauchen entdecken a sécher ufänken.
Vun den éischte Blosen bis zum éischte komplette Brevet – mat enger zolitter Basis fir spéider weiderzekommen, hei eis Formatiounen op e Bleck:
Schnuppertauchen / Scuba Discovery Experience
Indoor Diver
Scubility Diver (eisen Programm fir all Taucher mat engem Handicap)
Open Water Diver / CMAS One Star Diver / FLASSA P1
Computer Nitrox / CMAS Basic Nitrox Diver
Junior Divers / Future Buddies / CMAS Junior 1-3 Star Diver
Referral Diver (Start deng Ausbildung hei, an mach deng Tauchgäng am Mier amplatz am Stauséi)

Méi tauchen, méi léieren, méi sécher ginn.
Mat modulare Formatiounen entwéckels du deng Kompetenze weider a sammels wäertvoll praktesch Erfahrung.
Mir hun eng modular Weiderbildung mat verschiddenen kleng intensiv Moduler:
Obligatorisch fir een AOWD oder CMAS P2:
Deep / Navigation / Nuetstauchen & schlecht Siicht / + CMAS Module (fir P2)
no perseinlechem Choix: 1 Hellef – Nitrox – Scubility – Dry Suit – Sidemount – Search & Recovery

Déi nächst Etapp fir erfuerene Taucher.
Du hues elo 100 Tauchgäng erof an sichs eng nei Erfahrung? Hei leiers du d’Basis fir méi usprochsvoll Tauchgäng, technesch Konfiguratiounen an fortgeschratt Prozeduren. No Ofschloss vun den 3 Moduller hes du Meiglechkeet Deel vun der technëscher Ekipp vum Club ze gin. Fir all Froen mell dech einfach.

Erfahrung weiderginn, Verantwortung iwwerhuelen a sech fir de Club engagéieren.
De Leadership-Parcours baséiert op Bénévolat, Solidaritéit an engem richtege Stage (Internship) am Club. Wärend enger kompletter Saison packs du aktiv mat un – bei Formatiounen, Logistik, Organisatioun, Encadrement an am Alldag vum Club.
Sou sammels du net nëmmen déi néideg Kompetenze fir däin nächste Brevet, mee och vill praktesch Erfahrung am Team an am richtege Club-Liewen. Ofgeschloss gett Formatioun mat enger Duebelzertifikatioun Divemaster / CMAS 3 Star Diver.

Feedback zu eisen Formatiounen

Op desen Platzen kennt dir eis gären Feedback zu den Formatiounen ginn, resp. Iech ukucken waat Kandidaten virun Iech iwwert den Verain soen!
Frequently askd questions (FAQ)
Besicht eis FAQ Sait wann dir Froen zum Verain stellen wellt, wei z.B. Wei gin ech Member? oder Weini sin Trainingen? asw.
Du kanns och einfach den Kontaktbutto hei ennen rechts benotzen an deng individuell Fro direkt stellen!