Bei eis kanns du den eischten Schratt an technësch Tauchen maachen. Seit 2023 sin mir eng Divecenter Facility vun TDI, dei ugegliddert sinn un ITI (International Training). D’Organisatioun ass 1994 gegrënnt ginn vun techneschen Taucher fir Nitroxausbildungen am Sportberaich mei bekannt ze maachen. TDI huet als eng vun den eischten Agence och Ausbildung am Rebreatherberaich ugebueden.

Haut besteet International Training aus Scuba Diving International (SDI)Technical Diving International (TDI) an Emergency Response Diving International (ERDI) an zielt zu engem vun den gréissten Tauchorganisatiounen weltweit.

Hei den Iwwerbléck iwwert alleguer d’Formatiounen vun Technical Diving International (TDI):

Den Virdeel vun den TDI Formatiounen ass deen, dass dir een ganzen Deel kennt wahlweis am E-Learning oder selwer mam Buch doheem kennt prepareiren. D’Formatiounsmaterial ass och an verschiddenen Sproochen ze kreien. (Daitsch, franseich, englisch, portugiesech,…)

Mir bidden folgend Formatiounen vun TDI un. Fir een technëschen Cours vun TDI matzemaachen hunn mir 2 Bedingungen:

  1. Member vum SACW zenter 1 Joer sinn
  2. 30 Tauchgäng am Kader vum Club gemeet hunn

TDI – Nitrox Diver

Leier tauchen mat Gemëscher vun 21 – 40 % Sauerstoff an verlänger deng Tauchzait ouni mei Deko ze kreien, oder erheich einfach Secherheet vun dengen Tauchgäng.

Am TDI Nitrox Cours leiert een och den Emgang mat den TDI / US NAVY Tauchtabellen. (am Geigensatz zum SDI Nitrox Cours deen op den Tauchcomputer ausgericht ass)

Den Prais vum Brevet ass 150 €. (als E-Learning, ufänken kennt dir wann dir wellt)

TDI – Advanced Nitrox Diver

Hei leiert dir den Emgang mat enger technescher Konfiguration, also mat enger Stage an taucht mat Sauerstoffgemëscher vun 40 – 100 %.

Desen Cours kann een mat engem Intro to Tech verbannen fir dei technësch Konfiguration ze perfektionéiren.

Prais 200 Euro (entweder als E-Learning, ufänken kann een zu all Moment, oder als Duebelcertifikation mam CMAS N2)

TDI – Intro To Tech

An deser Formatioun kritt dir een Iwwerbleck iwwert technësch Tauchen fir Iech eng Iddi ze ginn waat fir Meiglechkeeten et ginn. Dir leiert dobei dei technesch Konfiguration kennen (DIR – Doing It Right) an eng Tauchgangsplanung no der What-If Method. Dobei feieren mir eng Partie Exercicer duerch: Blindmask, V-Drill, S-Drill, Feathering, Gasswitch, Trim, Propulsion, Buoyancy, SMB (Boje) mat engem Reel/Spool setzen an Problemleisungen enner Waasser (Messer asetzen, Backupmask, Reel, Spool ..)

Prais: 200 Euro

Et ass een Cours deen emmer an Equipen vun 2-3 Taucher stattfënnt.

TDI – Technical Divemaster

Bei TDI besteet och d’Méiglechkeet een Technical Divemaster Formatioun ze maachen. Des Formatioun ass extrem usprochsvoll an dofir brauch een eng Basisformatioun als technëschen Taucher (Intro Tech, Advanced Nitrox, Closed Circuit, Extended Range, Trimix, Cave, ….)

Eis Formatiounen ginn vun Moniteuren ofgehaal dei bei TDI affiliéiert sinn. Doniewend kennen mir technësch Tauchen mat Encadrement durch eis Moniteuren an demnächst eis Technical Divemaster ubidden. Dir sidd also bei eis an gudd Gesellschaft fir technëscht Tauchen (Nitrox, Trimix, Rebreather, Dekotauchgäng,…) auszeüben.

Umellung oder Froen zu den TDI Formatiounen

Hei kanns du dech umellen wann du un enger Formatioun vun TDI interesseiert bass.

He drënner fannt dir Dokumenter dei dir fir dei definitiv Umellung ausgefëllt ärem Moniteur musst ofgin: