Äist Veräinslokal / Fëllstatioun

Mir kruten vun der Gemeng Wooltz een Veräinslokal zur Verfügung gestallt. Dëst erlaabt et eis Material ze stockéieren an esous ass eis Fëllanlag gutt accessibel fir eis Memberen. Mam Neibau vun der Schwämm vum Lycee war dest leider nek mei méiglech an mir konnten just nach zu den Öffnungszeiten vun der Schwämm / Lycée fëllen. D’Clublokal erméiglecht eisen Moniteuren och Theoriescoursen an engem flotten Kader ofzehalen Ausserdem kennen mir doniewend och eis Maintenance vum Material propper maachen.

Eis Fëllstatioun

Mir hunn eisen eegenen Veräinskompressor deen mir aus eegenen Mëttelenen ugeschaaft hunn. Den Kompressor ass een BAUER PE250 (Poseidon Edition) an liwwert eis knapp 250 l Loft pro Minutt. Mir hunn eng 4-Fach Fëllleist wou mir 4 Fläschen gleichzäiteg fëllen kennen.

Fir den Fëllfirgang ze beschleunegen hunn mir zousätzlich Puffertanks (3x50L) an eng Kaskadenschaltung vun L&W. Eis Installatioun gëtt vun Hubsys Airtec an Nordparts regelméisseg gepréift.

BAUER POSEIDON PE-MV250

Mir hun och verschidden Techniker dei een Gasblendercours matgemeet hunn an kennen eisen Memberen Nitroxfëllungen ubidden. (Nitrox sin Loftgemëscher wou den Sauerstoffundeel méi héich ass > 21 – 100%.

Wanns du mei iwwert Nitrox wëlls gewuer gin, informéier dech iwwert eisen Nitrox Basis Cours!

Mir kennen souwuel iwwert Partialdrockmethode wei och iwwert Stickmethode fëllen. Fir d’Analyse vun eisen Gemëscher benotzen mir 2 Oxymeter (Divesoft (He/O2 Solo), Greisingen – Gox100)

Eist Material:

Mir verléinen eisen Memberen alleguer Material dat se während der Ausbildung brauchen.

Fläschen: 5 ltr / 7 ltr / 10 ltr / 12 ltr / 15 ltr

Stagefläschen: S040, 7ltr an S080 fir Sauerstoffgemëscher (mat Rigging Kit)

Tauchwesten (BC): vun Scubapro / Mares / Seanquest

Detendeuren: Tecline, Scubapro, Aqualung, Apeks

Alleguer eist Material get regelméisseg reviséiert. (Actionsport Perl, Divewinns, Oasis Liege) Natiirlech hun mir och Flossen, Botillons an Neoprenkostümer (an begrenzter Unzuel).