Iwwerbleck

Weini: 24.05 – 27.05.2024 (Freides bis Meindes (Paischtvakanz)

Iwwernuechtung: Landal Port Greve (NL) https://www.landal.de/parks/port-greve

Oflaf: (graff)

  • Freides: Arrivée am Nometteg / Owend (fir dei wou nach schaffen, circa 320km / 3.5h Ufaart vum Pommerlach aus) Anchecken, BBQ oder Iessen am Chalet
  • Samsdegs: Kaffi am Chalet, 1TG geint 10.00 Auer, Snach, 2TG geint 14.00 Auer, kulturelle Programm / Strand / Terrasse (à disposition) Owes: BBQ am Chalet (wann Weeder et erlaabt)
  • Sonndes: Kaffi am Chalet, 1TG geint 10.00 Auer, Snach, 2TG geint 14.00 Auer, kulturelle Programm / Strand / Terrasse (à disposition) Owes: Restaurant zB: Seaside oder Jeanz (mussen 1 Woch am viraus buchen)
  • Meindes: Kaffi am Chalet, Auschecken, evlt 1TG op der Zeelandbreck, dono Heemfaart oder kulturelle Programm / Strand / Terrasse (à disposition)

Mettesiessen als Snack ennerwee, Owesiessen entweder am Restaurant, oder BBQ bei guddem Wieder am Bungalow

Tauchen: mat eegenem Material (haalt d’Ausrüstung kompakt => vill Traapen)

Meiglechkeet fir Tauchsaachen ze drechenen an engem Ofstellraum direkt beim Parking oder hannert dem Haus.

Preis: 200 Euro  (opgedeelt op 160€ / Persoun fir Iwwernuechtung + 40€ fir BBQ / Kaffi / Apero, nom Stage man mer eng genau Ofrechnung dei jiddereen gescheckt kritt)

07.03 um 21.30 (Infoversammlung am Clublokal nom Training) circa 15-20 Minuten

Wei eng Frais muss ech nach rechnen: Kaffi, Snacks, Owesiessen + Gedrenks (mir man eng Kees wou jiddereen eppes dranleet) Fëllung vun der Fläsch, funktioneiert mat Menzstecker (packt genou Menz an)

Ween kann mat: jiddereen ab P1 / OWD. (Bedingungen laut eisem ROI: mindestens 5 Präsenzen (Training mat der Fläsch: Fosse, Schwämm, Stauséi) bis zur Umellung, soss kennen mir Umellung nek unhuelen.)

Umellung fir Vakanz

Infos zum Bezuelen:

Infoversammlung den 07.03: Mir machen dann eng Reservatioun fir dei Taucher dei sech ugemellt hun an mat den Präsenzen ok sinn. No der Umellung ass bis speitstens den 01.04.2024 een Acompte ze iwwerweisen vun 200 €. (fir Logement)

Mir man sur place eng Gruppenkees fir Kaffi / Apero / Gedrenks / BBQ. Do leet all Taucher / Erwuessenen, eppes dran. Kanner & Jugend kennen mir eng Reduktioun man) No der Vakanz man mir dann een Decompte deen dir kritt.

Mir roden jidderengem un 2 Assurance ofzeschleissen:

  • Taucherversecherung zb Aquamed oder DAN (wann der se hei iwwert den Link maacht ofschleisst, kann den Club Vergënschtegungen fir den Kaf vun Trainingsmaterial kréien, dei Remise gin mir den DAN Brevet och direkt un eis Memberen virun)
  • Assurance Annulation / Reesversecherung (Zb bei Lalux, oder Baloise Foyer, . . .)

Umellung:

Ech sin un der Vakanz intersseiert:(erforderlich)

Ech sin intersséiert während dem Stage eng Formatioun matzemaachen: