Decompression Procedures (TDI)
Beim TDI Decompression Procedures Cours léiert dir Dekompressionstauchgäng ze plangen an secher durchzefeiren bis zu enger Maximaldéift vun 45m. Dir leiert den Choix an Berechnung vum neidegen Gas, propperen Trim, Flossentechnik, allgemeng Awareness, Basics vum technëschen Tauchen, Noutfallprozeduren fir Gasverloscht, Dekofeeler, Materialfeeler, avm.
Präis: 200 €
am Prais inclus: Ausléinen vun enger Stage an Sauerstofffellungen
oder 300€
als kombineierten Cours
(Advanced Nitrox & Deco Procedures)
Bedingungen:
- 18 Joer al sinn an een gültegt Attest vum Dokter
- TDI Advanced Nitrox Taucher (oder équivalent)
- mir recommandeiren den TDI Intro Tech Cours ofgeschloss ze hun, oder den Cours mat desem Cours ze kombineiren
- seit mindestens 1 Joer am Club sinn, an 30 TG bei eis absolvéiert hunn.
Oflaf vum Cours
- Theorie am Selbststudium (Buch) oder E-Learning + mind. 1 Owend Theorie iwwer Tauchgangsplanung mat enger Software (Decoplanner, Balticplanner, Diveplanner,…)
- Planung vun Tauchgang (Planungssoftware, Computer, Tafelen)
- Equipement an Review vun der Stage
- DIR Konfiguration (Duebelfläschen, Wing, Backplate)
- Tareirung + Flossentechnik
- Noutfallverfahren
- Vereisung Détendeur Stage
- Vereisung Détendeur Reckengas
- lost Gas
- OOA / Gaswiessel am Team
- Lost Line
- Lost SMB
- Gas failures / deco failures
- Trim, Flottabilitéit an Propulsion (Review Flossentechniken)
- Team an Situations Awareness
- Stressmanagement
- Teamkommuniktatioun
- Boje setzen / remontée lanscht eng Boje mat simuléierten Stops
Den detailléierten Oflaf fannt dir an den TDI Standarts hei drenner:
Umellung fir des Formatioun bei engem vun eisen Moniteuren.
He drënner fannt dir Dokumenter dei dir fir dei definitiv Umellung ausgefëllt ärem Moniteur musst ofgin:
Feedback zu eisen Formatiounen
Op desen Plazen kennt dir eis Feedback zu den Formatiounen ginn, resp. Iech ukucken wei den Feedback vun den Kandidaten virdrun war.