Hei fannt dir den Iwwerbleck iwwert alleguer d’Tauchbrevet dei mir am Verain ubidden. Durch en „Klick“ op dei jeweilig Biller kommt dir op Sait mat den Detailler vun den Formatiounen.

Direkt eppes firweg, den Prais vum Brevet ass jeweils fir Onkäschten vun der Formatioun ofzedecken an et ass keng Garantie een Brevet ze kreien. Fir all Brevet ginn et international Standarts dei mussen erfëllt ginn an fir dei een trainéiren muss.

Tauchbrevet CMAS

Brevet P1 / CMAS One Star Diver (ab 14 Joer)
CMAS 2 Star Diver
Brevet P2 / CMAS Two Star Diver (ab 16 Joer)
Brevet 3 / CMAS Three Star Diver (ab 18 Joer)
Brevet 4 / CMAS Four Star Diver

Spezialisatiounen

CMAS Basic Nitrox Diver
Brevet N1 / CMAS Nitrox Diver
Brevet N2 / CMAS Advanced Nitrox Diver
Drechenkostüm / CMAS Dry Suit Diver

Kannertauchen

Ab 10 Joer kennen d’Kanner an eiser Kannertauchsektioun matmaachen. Vun 10-12 Joer trainéiren mir an der Schwämm, organiséiren Ausflich an Indoortauchzentren an ab 12 Joer kennen d’Kanner eis am Stauséi bei den Tauchgäng begleeden. D’Coursen sin esou opgebaut, dass d’Exercicer spillerisch vermettelt ginn.

Plongeur Junior 1 / CMAS Children Bronze
Plongeur Junior 2 / CMAS Children Silver
Plongeur Junior 3 / CMAS Children Gold

Tauchbrevet SDI / TDI

Niewend den Brevet vun FLASSA / CMAS bidden mir och Formatiounen vun SDI / TDI un.

SDI Dive Center Luxembourg
Technical Diving Center in Luxembourg
SDI Ausbildungen vum Open Water Taucher bis zum Assistant Instructor
Technical Diving Coursen bidden mir just am Ufängerbereich un. (Nitrox, Advanced Nitrox and Intro To Tech) Mir kennen Iech awer gären un kompetent Instruktoren weidervermettelen. Niewend den Formatiounen hun mir am Verain och eng eegen Tech Sektioun fir zesummen technesch Tauchgäng ze ennerhuelen an speziell Sortie ze plangen.

Eis Ausbildungen ginn vun enger ganzer Equipp vun Moniteuren / Encadrant durchgefouert. Mir halen drop, dass eis Moniteuren/Encadrant niewend den Formatiounen och regelméisseg selwer tauchen an sech fit haalen, an mir förderen permanent d’Weiderbildung vun eiser Equipe.

Pro an Contra vun der Ausbildung am Verain vs kommerziell Struktur

Aubildung am Verain

Dauer:
ca. 10 Wochen

Am Februar fänken mir relax an der Schwämm un, maachen eis 3-4 Owender Tauchtheorie, an hunn genuch Zait Übungen oft genuch ze traineiren, bis mir am Mee an den Stauséi gin, wou während 5-6 TG alleguer Übungen eng Kéier wiederholl ginn.

Ausbildung an der Vakanz

Dauer:
Kompakt 4-5 Deeg

Des Deeg gin natiirlech vun der Vakanz of, hei muss Theorie gemeet ginn, an dei obligatorisch TG, heescht all Dag 1-2 Tauchgäng mat allen Übungen.

Ausbildungsgewässer:
hei sin mir kloer am Nodeel, mir man eis Ausbildung am Stauséi oder engem Séi an der Geigend. Et ass mei kaal 10-20 Grad, heiansdo schlecht Siicht.

Den Virdeel ass, wann een hei Ausbildung mecht, get een iwwerall op der Welt eenz.

Witterung:
z.B. Ägypten, Wasser 17 bis 26 Grad, Sichtweiten bis zu 40 m. Perfekten Bedingungen,

Mee, wei ass et wanns du dono doheem tauchen wells? Fills du dech dann secher am Stauséi?

Ausbildung:
Am Verein hunn mir mei Moniteuren an Encadrant dei dir mat Begeschterung Tauchen beibrengen wellen. Niewend den normalen Exercicer (Skill) kriss du awer och vill Tipps aus jorenlanger Erfahrung mat op den Wee.

Ausbildung:
An den kommerziellen Strukturen geet et drems den Brevet schnell ofzeschleissen, Pflichtübgungen ze maachen an dono gesin Moniteuren weder dech erem, resp emgedreint.

Tauchen no der Ausbildung:

Deng Moniteuren / Encadrant ginn herno och dei Taucher mat deenen du Tauchen geess an sie kennen dir flott Platzen weisen. Eis 100 Memberen aus dem Club sin och potentiell Buddys fier niewend den offiziellen Clubstauchgäng nach méi ze tauchen.

Tauchen no der Ausbildung

Entweder tauchs du herno just an der Vakanz all Joer op enger anerer Tauchbasis oder sichs du eventuell awer een Verain an der Geigend fir gleichgesinnter ze fannen an dei flott Ennerwaasserwelt gemeinsam ze entdecken?

Preis: 150€ zzg Cotisation Verein (80 €) = 230 €

Den Preisënnerscheed erklärt sech doduerch, dass all eis Moniteuren bénévole an niewenberufflich engagéiert sinn. D’Coursen sin während eisen normalen Verainstrainingen dei am Kalenner ausgeschriwwen sinn. Dofir sin mir am Verain fir eis eegenen Finanzement zoustänneg an mussen eis Keess mat aneren Aktivitéiten opfëllen. Als Verain wellen mir jidderengem Meiglechkeet ginn, den Tauchsport auszeüben ouni finaniell Hürden.

Preis: ca. 550-850 €

Eng Tauchschoul huet Instruktoren dei haaptberufflich schaffen an och dovun liewen mussen. Dofir sinn sie flexibel an kennen Iech quasi all Dag Daten fir ee Cours ubidden.