Mir plangen 2024 erëm eng Clubvakanz, des Kéier bleiwen mir an Europa an wellen op enger vun den flottsten Platzen am Mettelmier tauchen. Mir foaren op Gozo / Malta.

Iwwerbleck

Weini: 07.09 – 14.09.2024 (Samsteg-Samsteg)

Tauchbasis – fir Fläschenfëllung + Support

Iwwernuechtung / Kaffi: ca 350- 400 € am Duebelzëmmer / Triplezëmmer

Tauchpakage, 5 Deeg 2-3 TG/Dag, ab P2 bei eegenem Encadrement. ca 100 Euro (fir 15ltr Fl¨sch + Loftfellungen) (Locatioun Material an Fëllung Nitrox, Trimix etc ass supplément)

(OWD/P1 Taucher kennen eis begleeden, mussen awer no maltesichem Reglement een Guide buchen, ca 40€/TG. also ca 450 Euro zousäzlich un Frais fir eng Woch)

Fluch: Lux – Valette circa 490 Euro (Luxair)

Locatioun Auto ca: 100 € / Woch (bei 4 Taucher pro Pick-Jeep)

Transfert: 40 € AR (Minibus + Fähr)

Total cira. 1000 – 1100 Euro

Hei fannt der den Link zur Maltesicher Tauchreglementation: LINK

Remarque: Fir all Taucher dei aktuell een P1 Brevet hunn an fir P2 ugemellt sinn a mat an Vakanz wellen, kucken mir bis dohin den Brevet ofzeschléissen. Dei Kandidaten hun am Freijoer een Droit de Priorité 😉

Temperatur/ Waassserkonditiounen

Gozo huet ganz Joer iwwert een mëld Klima, nemmen weinig Reen an meeschtens sonneg.

D’Waasser huet op 35m och nach circa 18°C, an mei flach ass mei warm.

Am Prinzip kennt dir mat ärem 7mm Kostüm hei tauchen. (5mm geif och duer goen, mee ennert 20m an je no Site gett et mei frësch)

Waat erwart eis?

Gozo bidd iwwert 30 verschidden Siten wou een vun Land aus kann tauchen goen. Doniewend gin et och nach Platzen dei een mam Boot kann arreechen. Tauchen ass méiglech vun Ufänger bis zum Tektaucher fir Trimix oder Höhlentauchen. (Deiften leien teschent 5- 70m+).

D’Insel Gozo ass 15 x 7 km „grouss“ an bidd eng ronn 50 verschidden Tauchsiten. Getaucht gëtt vum Bord aus oder ausnahmsweis fir verschidden Wracken vum Boot aus. Tauchen ass fir jiddereen méiglech, et handelt sech em eng Steilküst wou oft Traapen ze goen sinn, oder den Accés iwwert eng Leeder just meiglech ass. Eng physisch Preparation ass dofir wichteg an mir froen dofir och eng regelméisseg Participation un eisen Schwämmstrainingen an och poar Tauchgäng am Stau als Preparatioun op d’Vakanz. Am Zweifel eng mei liicht Fläsch an Sportskonfiguration huelen. (BNL an Beiweneraarm sin kaalen Kaffi vis à vis vun verschiddenen Mise à l’Eau)

Dei flottsten Siten leien an enger Deift vun ca 30m, dofir ass een P2 oder eng Deep Dive Specialty een must fir dei flottsten Platzen kennen ze betauchen.

Siten dei secher um Programm stinn a vun Land aus kennen betaucht ginn :

  • Wracks: MV Cominoland, MV Karwela, MV Xlendi (30-40m)
  • Inlandsea + Bluehole  (6m – 50m meiglech)
  • Double Arch (35m)
  • Reqqa Point  (18-70m)
  • RAS Il HOBZ (6-70m)
  • Ghasri Valley + Cathedral (Cavern-Tauchgang 12-20m))
  • MGARR IX-XINI (15m, Nuetstauchgang)

Fir Tekkies kennen mer ee Spezialdag anleen fir Trimix oder Cave (Billinghurst Cave, The Crack, Tac Cawla Caves, Wied il-Mielah) (oder en fonctioun vum Weeder an dem Tauchsite/Enacdrement vum Grupp)

Hei den Video vun eiser letzter Vakanz op Gozo, fir Iech eng Iddi ze ginn waat op eis wart:

Hei nach poar Video mat Impressiounen vun Gozo an der Tauchbasis wou mer sin.

Umellung fir Vakanz

Infos zum Bezuelen:

Mir hun aktuell emol eng Reservation fir 16 Taucher. No der Umellung ass bis speitstens den 01.11.2023 een Acompte ze iwwerweisen vun 500 €. (fir den Fluchticket) Soubaal mir weider Acompten mussen bezuelen (Haus, Tauchbasis), kritt dir vun eis ee Mail mat allen Informatiounen, een groussen Deel ass erreicht sur Place ze regelen. (Tauchmaterial, Transfert Fluchhafen – Basis, Locatioun Auto, Fähr, Tauchgäng, etc…)

Wei leeft d’Reess of?

Fluch, AR LUX-VALETTA, 8kg Handgepäck, 23kg normal Gepäck (Tauchgepäck ass supplément)

Iwwernuechtung: An engem Appartement / Farmhouse. Vu dass mer mat den Locatiounsautoen flexibel sinn, sichen mer eis eppes flottes je no Gruppengreiss. (soubaal dei eischt 7 Leit ugemellt sin buchen ech een Appartement zB https://www.gozovillage.com/properties/villagg-tal-fanal-3-bedroom-maisonette/ )

Oflaf: 07.09 Fluch Lux op Malta, dann Trajet mam Bus/Fähr op Gozo. Retour den 14.09 op Lëtzbuerg am Bus/Fähr, 7 Iwwernuechtungen mat Kaffi an engem Appartement / Landhaus. (Owesiessen get sur place organiseiert, entweder Self-catering oder Restaurant) Den letzten Dag (24h virum Fluch) ass keen Tauchen mei geplangt, hei profiteiren mir fir d’Insel beschen ze besichen.

Mir roden jidderengem un 2 Assurance ofzeschleissen:

  • Taucherversecherung zb DAN (wann der se hei iwwert den Link maacht ofschleisst, kann den Club Vergënschtegungen fir den Kaf vun Trainingsmaterial kréien, dei Remise gin mir den DAN Brevet och direkt un eis Memberen virun)
  • Assurance Annulation / Reesversecherung (Zb bei Lalux)

Umellung:

Ech sin un der Vakanz intersseiert:(erforderlich)

Ech sin intersséiert während dem Stage eng Formatioun matzemaachen: