Intro to Tech Diver (TDI)
Den TDI Intro To Tech Cours ass geduecht fir Iech een Ableck an teschnëscht Tauchen ze ginn. Dir leiert hei Basistechniken fir besser Tarériung, Flossentechnik, Planifikatioun vun Tauchgaäng, dir kritt mat den Land-Drills an Übungen am Waasser schon een klengen Ableck aus aneren Coursen (Trimix, Cave, Wreck,…).
Präis: 200 €
E-Learning
Bedingungen:
- 18 Joer al sinn an een gültegt Attest vum Dokter
- AOWD (Deep) / CMAS ** Brevet (oder een äquivalenten Brevet) hunn an mindestens 50 Tauchgäng absolvéiert hunn.
- TDI Advanced Nitrox Diver (beid Coursen kennen kombinéiert ginn)
- seit mindestens 1 Joer am Club sinn, an 30 TG bei eis absolvéiert hunn.
Oflaf vum Cours
- Theorie am Selbststudium oder E-Learning + 1 Owend Theorie
- Planung vun Tauchgang (Planungssoftware, Computer, Tafelen)
- Equipement an Zesummenstellung vum Material (DIR Konfiguration)
- Tareirung + Flossentechnik
- Noutfallverfahren
- V-Drill
- Vereisung Detendeur Stage
- S-Drill
- Lost Mask
- Lost Light
- Touch Contact
- Line Work (Reel – Spool)
- Stressmanagement
- Teamkommuniktatioun
- Boje setzen / remontée lanscht eng Boje mat simuléierten Stops
Hei een Video mat poar Skilles dei während dem Cours traineiert ginn:
Den detailléierten Oflaf fannt dir an den TDI Standarts hei drenner:
Umellung fir des Formatioun bei engem vun eisen Moniteuren.
He drënner fannt dir Dokumenter dei dir fir dei definitiv Umellung ausgefëllt ärem Moniteur musst ofgin:
Feedback zu eisen Formatiounen
Op desen Plazen kennt dir eis Feedback zu den Formatiounen ginn, resp. Iech ukucken wei den Feedback vun den Kandidaten virdrun war.