DPV Diver (SDI)
Fir ween ass desen Cours?
Den SDI Solo Diver Cours ass ideal fir Taucher, déi:
- Erfueren Taucher sinn a méi Unofhängegkeet wëllen entwéckelen.
- Fotografen oder Videographen sinn, déi oft eleng tauchen, fir déi perfekt Opname ze maachen, ouni sech ëm e Buddy këmmeren ze kennen..
- Taucher, déi an Géigende tauchen, wou kee Buddy direkt verfügbar ass.
- Taucher, déi Zouverlässegkeet a Selbstvertrauen an hir Fäegkeeten ausbauen wëllen, fir méi Sécherheet an hir Tauchgäng ze bréngen.
- Taucher, déi sech op Technesch Tauchen oder fortgeschratt Tauchen virbereeden, wou een oft als eischt muss eleng zourechtkommen.
- Moniteuren, dei oft am Ufank vun der Ausbildung vun neien Taucher, sech och nek kennen ob hiren Buddy verlossen, well deen mat sech selwer beschäftegt ass.
De Cours hëlleft den Taucheren, kritesch Fäegkeeten ze entwéckelen, wéi de Noutfallmanagement, de Verloscht vum Buddy ze kompenséieren an d’Situatiounen eleng ze beherrschen.
Prérequis:
- 21 Joer aals sin
- mind. AOWD / CMAS ** + mindestens 200 Tauchgäng fir den Cours unzefänken
- daat neidegt Equipment hun:
- Stage + Detendeur als autonom Loftversuergung am Noutfall
Därf all Instruktor deen Cours ausbilden?
Nee, SDI huet streng Regelen fir desen Cours, een Instruktor muss mindestens 50 Schüler ausgebilt hun, 1 Joer Erfahrung an der Ausbildung, selwer Solotaucher sin, an den Instruktorcours fir Solodiverinstruktor suivéiren.
Wat léiert een am Cours:
Am SDI Solo Diver Cours léiers du essentiell Fäegkeeten a Wëssen, fir sécheren an effektiven Solo-Dauchen ze maachen. Hei ass en Iwwerbléck iwwer dat, wat am Cours vermëttelt gëtt:
1. Planung a Virbereedung vun engem Solo-Dauchgang
- Wéi een e Solo-Dauchgang selbstänneg plangt a sech virbereet.
- D’Bedeitung vum Tauchplang, inklusiv Dauer, Déift an Risikomanagement.
- D’Wichtegkeet vum Evaluéiere vun dengen eegene Grenzen an dem Aschätzen vun äusseren Bedéngungen (z.B. Stréimungen, Siicht).
2. Ausrüstung fir Solo-Daucher
- Notzung vun redundanter Ausrüstung (z.B. zweeten Loftversuergung (Stage), Backup-Tauchcomputer), all aner kritescht Material fir sécherzestellen, datt du e Problem eleng léise kanns.
- Checken an Ënnerhalt vun der Ausrüstung fir optimal Sécherheet.
3. Noutfallmanagement an Problemleeschtungen
- Selbstrettungstechniken, wéi de Verloscht vum primären Loftquell oder den Ausfall vun Ausrüstung
- BCD Ausfall
- No Mask Exercier
- Ausfall primär Loftquell
- Barschten vun O-Reng an Sich no Léisung
- Stressmanagement ënner Waasser: Wéi ee roueg bleift an déi richteg Entscheedunge trëfft.
- Techniken fir erweiderten Loftverbrauch ze geréieren an Noutprozeduren unzewenden.
4. Navigatioun an Orientatioun
- Navigatiounsstrategien fir sech eleng ënner Waasser ze orientéieren, och wann d’Siicht schlecht ass.
- Benotzen vum Kompass a natierlech Landmarken fir d’Streck ze bestëmmen.
5. Physik an Physiologie vum Solo-Dauchen
- D’Bedeitung vum Gasmanagement an der kontrolléierter Otmung fir déi richteg Loftversuergung.
- Risiken vum Dekompressionsaccident an der Sauerstofftoxizitéit besser verstoen.
6. Praktesch Tauchübungen am Waasser
- Drills a Fäegkeeten am Pool oder begrenztem Waasser fir d’Grondtechniken ze üben.
- Open-Water Dauchgäng, wou déi geléiert Fäegkeeten a realistesch Situatiounen ugewannt ginn.
No dësem Cours bass du fäeg, selbstänneg a sécher eleng ze tauchen, mat dem Vertrauen, Problemer ze léisen an déi richteg Entscheedungen ënner Waasser ze treffen.
Fir den Cours ofzeschléissen mussen Kandidaten:
- Theorie ofschleissen (Selbsstudium resp E-Learning, Tauchgangsplanung, mind 3-4 Tauchgäng)
- Anhalen vum Plang (Déift & Zeit)
- praktesch Exercicer durchféiren
Umellung fir des Formatioun
Umellung fir eisen Cours iwwert den QR Code oder den Button hei niewendrun. D’Umellung get definitiv mam Virement + Registratioun/Ofgin vun den Formulairen hei drenner bei ärem Moniteur. (Just fir Verainsmemberen)
He drënner fannt dir Dokumenter dei dir fir dei definitiv Umellung ausgefëllt ärem Moniteur musst ofgin oder eis eranmailen musst: (Mir kennen awer och gären virum 1ten Cour zesummen driwwer kucken an alles durchgoen)
Feedback zu eisen Formatiounen
Op desen Plazen kennt dir eis Feedback zu den Formatiounen ginn, resp. Iech ukucken wei den Feedback vun den Kandidaten virdrun war.
Frequently asked questions (FAQ)
Besicht eis FAQ Sait wann dir Froen zum Verain stellen wellt, wei z.B. Wei gin ech Member? oder Weini sin Trainingen? asw.