Night Limited Visibility Diver (SDI)

Fir ween ass desen Cours?
Den Cours ass ideal fir:
- Zertifizéiert Taucher, déi hir Taucherfarungen erweidere wëllen, fir Nuetsdauchen oder Tauchen an trübem Waasser ze genéissen.
- Taucher, déi an Géigenden tauchen wellen, wou d’Siicht dacks limitéiert ass (z.B. San eisem Stauséi) an hir Ausbildung an engem Gewässer gemeet hun wou een mei gesin huet.
- Taucher, déi marin Liewen bei Nuet entdecken wëllen, well vill Déieren nuets méi aktiv sinn.
- Taucher, déi spezifesch Fäegkeeten entwéckele wëllen, fir Sécherheet a Selbstvertrauen bei Tauchgäng an schwéieren Siichtbedingungen ze verbesseren.
Dëse Cours ass perfekt fir déi, déi dei Advanced Open Water Taucher wellen gin, awer och fir déi, déi besser Virbereedung a Sécherheet wëllen, wann si an onbekannte Waasserbedingungen tauchen.
Wat léiert een am Cours:
Wat léiers du?
- Tauchplanung fir Nuet a limitéierter Siicht: Risiken aschätzen, richtegen Zäitpunkt a Wiederbedingungen berücksichtegen.
- Ausrüstung: Wéi een Taucherlampen, Backuplampen a Signallychter richteg benotzt.
- Navigatioun a Orientierung: Effektiv Navigatioun mat Kompass a visuelle Landmarken.
- Kommunikatioun: Handsignaler an Liichtsignaler fir mat dengem Buddy ze kommunizéieren.
- Noutfallmanagement: Selbstrettung, Problemléisung a Rou behalen bei Noutfäll.
- Ëmweltschutz: Respektéiere vun nuets aktiven Déieren a Vermeidung vu Sediment.
No dësem Cours bass du fäeg, sëcher a selbstsëcher bei Nuet oder reduzéierter Siicht ze tauchen.
Fir den Cours ofzeschléissen mussen Kandidaten:
- Planung vun mind 4 Tauchgäng
- Anhalen vum Plang (Déift & Zeit & NDL Zait)
- propperen Secherheetstop no all Tauchgang
- desen Cours kann och mat aneren Formatiounen kombinéiert gin
Prais: (just fir Verainsmemberen)
Umellung fir des Formatioun
Umellung fir eisen Cours iwwert den QR Code oder den Button hei niewendrun. D’Umellung get definitiv mam Virement + Registratioun/Ofgin vun den Formulairen hei drenner bei ärem Moniteur.

He drënner fannt dir Dokumenter dei dir fir dei definitiv Umellung ausgefëllt ärem Moniteur musst ofgin oder eis eranmailen musst: (Mir kennen awer och gären virum 1ten Cour zesummen driwwer kucken an alles durchgoen)
Feedback zu eisen Formatiounen
Op desen Plazen kennt dir eis Feedback zu den Formatiounen ginn, resp. Iech ukucken wei den Feedback vun den Kandidaten virdrun war.

Sehr viele Aktivitäten im Sommer und im Winter.
Sehr erfahrene und motivierte Taucher.
Auf Wunsch wird auch eine VIP Behandlung angeboten.
CMAS Ausbildung.
Anfänger können Material vom Club ausleihen.
Durch sie lernen Sie viele abwechslungsreiche Tauchplätze in der Großregion und auch internationale Cluburlaube kennen.
Sehr empfehlenswert!
Lots of activities in summer and winter.
Very experienced and motivated divers.
A VIP treatment is also available upon request.
CMAS training.
Beginners can borrow equipment from the club.
Through them you get to know many varied diving sites in the greater region and also international club holidays.
Strongly recommended!
Frequently asked questions (FAQ)
Besicht eis FAQ Sait wann dir Froen zum Verain stellen wellt, wei z.B. Wei gin ech Member? oder Weini sin Trainingen? asw.