Flossentraining / Gerätetraining
Mir bidden am Club Training iwwert daat ganzt Joer un. Den Detail vun allen Aktivitéiten an d’Umellung leeft iwwert eisen internen Verainskalenner.
Am Wanter ass an der Schwämm vum Lycée du Nord an an der Schwämm ze Kietscht Ausdauertraining an Techniktraining fir jidder interesseirten Clubsmember. Bei eisem Flossentraining kann jiddereen matmaachen, dofir muss een keen Tauchschain hun.
Firwaat Flossentraining an der Schwämm?
- Konditioun / Ausdauer opbauen
- Apnée
- Teambuilding durch Wasserball, UWR, UWH, Challengen
- Traineiren vun Reflexer / Aisance am Waasser
- Secherheetsübungen (Rettungsschwammen)
- Loftverbrauch reduzeiren durch besser Konditioun
Eis geet et nek em Leeschtungssport, mee einfach em sportlich aktiv sinn. Matmaachen kann jiddereen vun 10 Joer un, an no uewen ass keng Grenz gesaat.
Firwaat Gerätetraining an der Schwämm?
- Ausbildung
- Refresh Cours (no längerer Paus >10 Méint)
- regelméisser Secherheetsübungen widerhuelen (Maske ausblosen, Assistance, Sauvetage)
- neit Equipment testen
- Konfiguration verfeineren
- Flottabiliteit / Tareiren
- Flossentechniken (Flutterkick, Frogkick, Backkick, modified Flutter, mod. Frogkick, Helicopterturn)
- Thementraining (Photo/Video, Tek, …)
Trainingszaiten
Mir trainéiren zweemol an der Woch an der Schwämm:
Dasdes vun 19.30 bis 21.00 Auer | Schwämm ze Koetschette |
Donnesdegs vun 19.30 bis 21.00 Auer | Schwämm vum Lycée du Nord zu Wooltz |
RDV ass all Kéiers 19.15 Auer.
Während den Schoulvakanzen ass keen Training an der Schwämm. Eisen Schwämmstraining geet vun Oktober bis Abrëll/Mee. Dei aner Zeit fënnt een eis mindestens 2 Mol d’Woch um Stauséi.
Schwämm Woltz

Schwämm Kietscht

Impressiounen vun eisen Trainingen







Kannertauchen
Niewend dem Training fir dei Erwuessen, bidden mir och op verschiddenen Daten Kannertauchen un. Mei Infos an eiser Sektioun Kannertauchen.



Feedback zu eisen Formatiounen
Op desen Plazen kennt dir eis Feedback zu den Formatiounen ginn, resp. Iech ukucken wei den Feedback vun den Kandidaten virdrun war.

Sehr viele Aktivitäten im Sommer und im Winter.
Sehr erfahrene und motivierte Taucher.
Auf Wunsch wird auch eine VIP Behandlung angeboten.
CMAS Ausbildung.
Anfänger können Material vom Club ausleihen.
Durch sie lernen Sie viele abwechslungsreiche Tauchplätze in der Großregion und auch internationale Cluburlaube kennen.
Sehr empfehlenswert!
Lots of activities in summer and winter.
Very experienced and motivated divers.
A VIP treatment is also available upon request.
CMAS training.
Beginners can borrow equipment from the club.
Through them you get to know many varied diving sites in the greater region and also international club holidays.
Strongly recommended!
Frequently asked questions (FAQ)
Besicht eis FAQ Sait wann dir Froen zum Ver